Dofir hätt ee sech am leschte Regierungsrot Méiglechkeet ginn, fir an de Crèchen an an de Maison Relaisen- zäitlech begrenzt - zousätzlecht Personal anzestellen. "A mir hunn och fir eng zäitlech begrenzte Period bei de Qualifikatiounen Derogatiounen ze huelen. Dat heescht, och eng Kéier an de Qualifikatiounsniveauxe méi niddreg ze rekrutéieren, fir an dëser akuter Phase d'Situatioun an de Grëff ze kréien."
Den héije Beamten aus dem Educatiounsministère betount och, datt Crèchen a Maisons relais keng Eegen-Initiative kënnen ergräifen, a Kanner nees Heem schécken, déi zum Beispill Kontakt mat enger positiver Persoun haten. Iwwer Quarantainë géif d'Santé entscheeden.
D'selwecht wier et net un de Schoule fir op eegen Initiativ z'entscheeden, punktuell an den Homeschooling ze wiesselen. Wann et vill positiv Fäll an enger Klass géif ginn, soll een esou eng Decisioun mam Educatiounsministère ofklären.