Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - America!

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bis zu sechs Millioune Passagéier

Lux-Airport

Bis zu sechs Millioune Passagéier

D’Passagéierzuel um Findel ass 2016 eng éischte Kéier op knapp iwwert dräi Millioune geklommen. Lux-Airport muss elo vill an d’Moderniséierung investéieren an eng nei finanziell Strategie ausschaffen, esou de Generaldirekter Johan Vanneste. Eng iewescht Limite fir d’Passagéierzuele gesäit hien net.

auto_stories

3 min

Fluchhafe Lëtzebuerg (Photo: Pulsa Pictures/Lux-Airport)

2016 war nees e Rekordjoer fir de Fluchhafen: Eng éischte Kéier gouf et knapp iwwer dräi Millioune Passagéier. Dëss Progressioun vun 12,4% par rapport zu 2015 wor vill méi héich ewéi erwaart gi wor. Haaptgrond wier, Lux-Airport no, d'Arrivée zu Lëtzebuerg vu fënnef neie Fluchgesellschaften: Hop, Air France, LOT Polish Airlines, Flybe a Ryanair.

De gréissten Operateur um Findel bleift dobäi d’Luxair, mat 57%. Duerno kënnt d’Lufthansa, déi zejoert en Zouwuess vun 202% notéiert huet. Drëttgréissten Operateur war d’Bëllegfluchgesellschaft Easyjet.

Terminal B am Mee 2017 rëm op

Net just d’Passagéierzuele wuessen: Zanter September 2016 wier un enger Verbindung tëscht dem Terminal A an dem Terminal B geschafft ginn, esou de Johan Vanneste, Generaldirekter vu Lux-Airport. Den Terminal B géif reamenagéiert ginn, ma et misst net vill gemaach ginn, well deen Terminal virdrun nëmme véier Joer laang, tëscht 2004 an 2008, a Betrib war. D’Reouverture vum Terminal B wär fir Mee 2017 geplangt.

Bis zu sechs Millioune Passagéier pro Joer

Wéi vill ka Lux-Airport nach wuessen? Op eng iewescht Limite wollt de Generaldirekter sech net festleeën. Souwisou géif de Maart dat bestëmmen. D’Aviatioun wier en oppene Marché. Wann d’Fluchgesellschaften decidéieren, hir Offer auszebauen, wat zu méi Passagéier féiert, kéint een dat net stoppen, esou de Johan Vanesste. Vun den Infrastrukturen zu Lëtzebuerg hier, géif et awer nach vill Sputt ginn: "Mir kënne bis op fënnef, sechs Millioune Passagéier d’Joer eropgoen", esou de Johan Vanneste. Dat géif awer nach jorelaang daueren.

Staatlech Subventioune falen op 25%

Mat iwwer dräi Millioune Passagéier um Findel dierf de Lëtzebuerger Staat de Fluchhafen an Zukunft nëmme nach zu 25% subventionéieren, bis elo waren et 50%. De Johann Vanneste präziséiert: Déi europäesch Regele géifen och erlaben, dass de Seuil vun dräi Millioune Passagéier während dräi Joer kann depasséiert ginn, ier déi staatlech Subventioune musse reduzéiert ginn. De Lëtzebuerger Staat kéint deemno nach dëst Joer an 2018 weider 50% bäileeën. Laangfristeg wier et awer d’Zil, esou wéi d’EU Kommissioun et och gären hätt, sech komplett selwer ze finanzéieren, seet de Lux-Airport Generaldirekter.

Nei Finanzéierungs-Strategie

D’Croissance vun de Passagéierzuelen, an déi nei Zertifikatioun, déi de Lëtzebuerger Fluchhafe brauch, bedeiten, dass grouss Moderniséierungsaarbechte musse gemaach ginn. Den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch huet déi Aarbechten op 285 Milliounen Euro chiffréiert. Op Lux-Airport kommen also héich zousätzlech Investissementer duer. De Verwaltungsrot wier am gaangen, eng nei Finanzéierungsstrategie auszeschaffen, präziséiert de Johan Vanneste. Mat Passagéierzuele vun iwwer dräi Milliounen am Joer, hätt een och nei Méiglechkeeten. Detailer kéint hien awer nach net ginn.

Cargo: Tendenz no uewen

Am Joer 2015 goufen 737.625 Tonne Cargo um Lëtzebuerger Fluchhafen ëmgesat. Dat ware 4,2% méi ewéi d’Joer virdrun. Dës Tendenz no uewe kéint een och fir d’Joer 2016 feststellen, huet de Johan Vanneste präziséiert. Definitiv Zuele vum Cargo-Beräich géifen awer nach net virleien.

Interview mam Johan Vannesteplay_arrow