Radioen

On air

Notturno  |  Thad Jones - April In Paris

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Blannenheem: Ex-Direkter fuerdert Reform vum Verwaltungsrot

No Mësstänn

Blannenheem: Ex-Direkter fuerdert Reform vum Verwaltungsrot

Nodeems gëschter den Direkter vum Blannenheem wéinst Mëssstänn-Reprochen demissionéiert huet, fuerdert säi Virgänger eng Reform vum Verwaltungsrot. De Roger Hoffmann reagéiert ënner anerem op d'Virwërf, déi de Verwaltungsrot géint hie gemaach huet.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschterenplay_arrow


De Verwaltungsrot vum Blannenheem zu Rolleng hat dem Roger Haffmann de Méindeg reprochéiert aggressiv an inappropriéiert reagéiert ze hunn. Mee datt den aktuellen Direkter Jean-Paul Grün demissionéiert hätt géif weisen, datt seng Kritik gerechtfertegt wier, sou de Roger Hoffmann.

"Si attackéiere mech, mee si hunn d'Problemer net op den Dësch geluecht. Dat kënnt esou eriwwer, wéi wann ech deen Haaptschëllege wier. Mee si hu guer keng Analys vun der reeller Problematik gemaach. Déi Situatioun ass schonn ugaangen, wéi ech fort war, dat huet näischt mat der Corona-Kris ze dinn."

De Roger Hoffmann war iwwer 30 Joer un der Spëtzt vum Blannenheem. De Reproche vum President vum Verwaltungsrot Paul Ensch, datt hien hätt wéilte Revanche huelen, well seng Duechter 2016 net als Direktesch genannt gouf, mee de Jean-Paul Grün, léist de Roger Hoffmann net gëllen.

Fir de fréieren Direkter Roger Hoffmann wier de Verwaltungsrot haut net acceptabel.

"Do missten nei Leit erakommen. Déi meescht si wäit iwwer 70. An et ass vill ze vill Politik dra vertrueden, do misst dach Personal dra vertruede si vum Haus."

De Verwaltungsrot wollt op Nofro hin net op d'Propos vum Roger Hoffmann reagéieren.

D'Familljeministerin Corinne Cahen (DP) sot eis, hier wier et wichteg datt et de Bewunner gutt geet. Aus de Gestiounsfroe wéilt si sech eraushalen, well de Staat net Aktionär ass vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung.