Bleift de Staat awer direkten Aktionär vun der Cargolux ?

100,7-Informatiounen no kéint de Staat no der Transaktioun mat HNCA direkten Aktionär vun der Cargolux bleiwen. Am Comité Mixte vum gréisste Cargolux-Aktionär Luxair gouf de Moien annoncéiert, datt de Staat ronn 8 % vun den Aktien iwwerhuele soll, déi d’Luxair vun der Cargolux huet. D’Luxair soll um Enn just 1 Aktie méi behale wéi de méiglechen neie chineseschen Aktionär HNCA, dee 35 Prozent vun der lëtzebuerger Cargogesellschaft iwwerhuele wëll. Dat ass en neien Ament : bis haut huet d’Politik ausgeschloss, datt de Staat kéint direkte Cargolux-Aktionär bleiwen. Hannergrond ass, datt d’Luxair net méi genuch Reserven huet, fir d’nächst Joer an der Cargolux bei enger neier Kapitalerhéijung mat ze maachen. Déi geplangten Ännerunge sollen iwwermuer am Luxair-Verwaltungsrot formell decidéiert ginn.

De Bäitrag vum Jean-Claude Franck am Owes-panorama vun 18 Auer:

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/Cargo-JCF.mp3"]

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen