Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bluttspender gesicht

Dr Andrée Heinricy

Bluttspender gesicht

Bannent de leschte Woche ass d'Zuel vu Bluttspenden ze niddereg fir eng Reserv ze garantéieren déi d'Besoine vu 7 Deeg géifen decken, erkläert de Centre de transfusion sanguine vun der Croix-Rouge. D'Demande vun de Klinicken ass méi héich ewéi d'lescht Joer, wéi d'Operatiounen, déi net urgent waren, op Äis geluecht goufen, präziséiert d'Dr Andrée Heinricy vum Transfusiounszenter.

auto_stories

2 min

Et ginn awer och manner Spende registréiert, bedauert d'Doktesch:

"Mir mierken datt d'Resonanz vun de Spender net grad sou gutt ass wéi dat d'lescht Joer de Fall war. Do hate mer contrairement zu aner Länner guer keng Problemer. Eis Spender waren zu all Ament do fir ze hëllefen a mir vertrauen datt dat dëst Joer och esou wäert sinn. Mee den Ament mierke mer einfach datt et net duergeet."

An normale Joren géif een ëm dës Joreszäit ëmmer ee klenge Réckgang vun de Spenden hunn: Dat wier deelweis bedéngt duerch d'Feierdeeg am Mee

Waardezäit no Impfung oder Covid- Infektioun

D'Leit kënne Blutt spenden, mee mat der Pandemie huet den Transfusiounszenter verschidde Reegele festgeluecht.

"Am Fall wou een elo selwer infizéiert ass do muss een ee Mount erëm komplett gesond sinn éier ee ka spenden. Dat ass deen Delai dee mir ëmmer ofwaarden, sou datt souwuel fir de Spender Sécherheet besteet, datt och doduerch keng Komplikatioun kann antrieden Op där anerer Säit schütze mer de Receveur. No enger Coronavirus Impfung do soll ee 7 Deeg no der Impfung fréistens bei ons kommen. Dat heescht eng Woch fir sécher ze stellen datt do och net iergendeng Niewewierkung besteet, ewéi liicht Féiwer oder Muskel Wéi. Et ass néideg fir einfach auszeschléissen datt do iergend eng Komplikatioun entsteet."

präziséiert d'Andrée Heinricy.

Streng sanitär Reegelen an de Raimlechkeete vum Transfusiounszenter

Am Centre de transfusion sanguine vum roude Kräiz ginn déi sanitär Moossname strikt agehalen, betount d'Dr Andrée Heinricy:

"Mir probéieren sou gutt ewéi méiglech iwwerall d'Distanzen anzehalen, dat heescht et sinn an de verschiddene Secteuren net ze vill Läit beieneen, wärend der Waardezäit, beim Entretien, a wärend dem Prélèvement wou souwisou d'Brëtschen auserneestinn an herno beim Erhuelen nom Spenden. Dann ass natierlech de Mask obligatoresch. Et gëtt bei jidderengem d'Temperatur gemooss, wann en hei an d'Gebai erakënnt. Beim Entretien hu mer Plexiglastrennungen opgeriicht wann een e bëssi méi laang an engem Raum zu zwee ass"