Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bob Bertemes: "E relativ perfekte Stouss"

Kugelstoussen

Bob Bertemes: "E relativ perfekte Stouss"

Bei der Liichtathletik-Europameeschterschaft zu Berlin koum de Bob Bertemes den Dënschdeg den Owend am Kugelstousse mat engem neie Landesrekord op déi sechste Plaz an der Finall: de 25 Joer ale Lëtzebuerger huet säin eegenen nationale Rekord vum 14. Juli, am Olympiastadion zu Berlin ëm 34 Zentimeter verbessert, op genee 21 Meter. Datt een neie Landesrekord grad an der Finall vun enger Europameeschterschaft geléngt, ass e "perfekten Datum", seet den Athlet vum C.A. Bieles.

auto_stories

2 min

Serge Kesseler: Wéi leet ee sech am Kugelstoussen un, fir grad bei enger Europameeschterschaft een neie Landesrekord opzestellen?

Bob Bertemes: Et huet alles besser geklappt, wéi am Virfeld geduecht. Virun allem no där Zidderpartie an der Qualifikatioun. Gëschter hat ech beim Astoussen schonn direkt e gutt Gefill, do hunn ech mir scho geduecht, "dat passt alles" an du konnt ech um Enn eben 21 Meter stoussen.

Bei engem "relativ perfekte Stouss" ass et méiglech fir endlech 21 Meter ze erreechen, dat wousst ech am Virfeld. Am Training ass et scho gutt gaangen, genee wéi de leschte Weekend zu Schëffleng hat ech och scho bal 21 Meter gepackt, mee do war ech awer iwwergetrëppelt. Datt et elo grad op der Europameeschterschaft esou gutt passt, an och nach an der Finall, dat ass schonn de perfekten Datum.

Dir hutt dës Saison är Technik geännert. Ass dëse Wiessel een Deel vum Erfolleg?

Am Wanter sinn ech op Mannheim komm, ech trainéieren elo ganz an Däitschland. Dee Moment sot den Trainer mir schonn, datt ech mat mengem Kierperbau a menger Beweeglechkeet emol d'Dréistousstechnik kéint probéieren. Hie sot, "du kéins 21 Meter stoussen, wann net souguer méi". Doropshin hu mir alles ëmgestallt, an ech hu puer Modeller gemaach. De Wanter war et scho relativ haart, fir ëmzestellen, an elo am Summer si meng Leeschtungen ëmmer méi konstant ginn. Et huet sech deemools scho gelount, datt ech déi Ëmstellung gemaach hunn.

Wat sinn är sportlech Ziler fir d'Zukunft?

Elo ass et wichteg, déi Leeschtung ze stabiliséieren. Ech muss elo net all Meeting 21 Meter stoussen. Et geet duer, wann ee gudden Essai dobäi ass, da flitt d'Kugel e bësse méi wäit wéi normal. Et geet mir elo drëms fir ënner den éischte matzestoussen. D'nächst Joer steet eng WM un, an do muss een nach e bëssen dropleeën, fir do och kënne kompetitiv vir matzestoussen.


De kompletten Interview mam Bob Bertemes:

Lauschterenplay_arrow