De Bob Bertemes huet am Olympesche Stadion am Bommstousse just déi 21. vun 31 Plaze krut, an ass net aus der Qualifikatiounsronn eraus komm.
E puer Stonne méi fréi hat de Charel Grethen fir eng positiv Iwwerraschung gesuergt, mat senger Qualifikatioun fir d'Halleffinall en Donneschden am 1500-Meter Laf.
Hie soll elo esou guer d'Éier kréie fir de Fändel bei der Ofschloss-Zeremonie ze droen, wann et dem Bob Bertemes no géing goen.
Hei de Lëtzebuerger Athlet am Gespréich mat eisem Korrespondent Philip Crowther zu Tokyo.