Radioen

On air

Espresso Beats  |  Sinkane - Everything Is Everything Feat. Tru Osborne

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bodycams: Kamerae fir d'Police

Gesetzesprojet presentéiert

Bodycams: Kamerae fir d'Police

D'Police soll an Zukunft Bodycams kréien, den Henri Kox huet en deementspriechende Gesetzesprojet presentéiert. D'Kamera soll eng Méiglechkeet gi fir Situatiounen ze entschäerfen, esou de Policeminister.

auto_stories

2 min

An Däitschland sinn Bodycams deelweis schonn an den Asaz. Foto: picture alliance/dpa | Oliver Berg

Lauschterenplay_arrow


Am Gesetzesprojet gëtt festgehalen, datt just Polizist:innen déi personaliséiert Kamera umaache kënnen. Se gëtt visibel am Broschtberäich gedroen a blénkt, wann opgeholl gëtt.

Déi 30 Sekonnen, ier déi eigentlech Opnam start, wäerten och gespäichert ginn, seet den Alain Engehlart, Zentraldirekter fir d'Strategie an d'Performance bei der Police.

Dat wier "extrem wichteg" fir ee Gesamtbild vun der Situatioun ze hunn: soss géif de Kontext feelen, wisou eppes geschitt ass.

Ee komplett Bild vun der Situatioun kréien

Datt betraffe Persoune scho gefilmt ginn, ier d'Kamera en Zeeche gëtt, soll an enger Opklärungscampagne méi genee erkläert ginn, seet den Alain Engelhardt.

Et géifen Iwwerleeunge gi fir méi Kamerae gläichzäiteg auszeléisen, fir esou nach e bessert Gesamtbild ze kréien, seet den Alain Engelhardt: wann e puer Policebeamt:inne gläichzäiteg intervenéieren, wier et "scho logesch", datt d'Kamerae gläichzäiteg uginn.

Eng weider Iddi wier et, datt d'Kamera automatesch lancéiert, wann d'Waff gezu gëtt.

Kloer Instruktiounen, wéini Kamerae benotzt ginn

De Gesetzesprojet gesäit vir, datt d'Kamera op alle Plaze benotzt ka ginn, och bei Hausduerchsuchungen, esou den Henri Kox op eis Nofro hin. Hie wier sech awer bewosst, datt d'Police an dësem Fall an d'Privatsphär geet, an heifir missten et da kloer Instruktioune ginn, datt et zu kengem Abus kënnt.

De Policeminister wier a Reunioune mat de Gewerkschafte gewiescht, sou Polizist:innen dat néidegt Vertrauen an d'Kameraen hunn.

Intern Formatioune sollen d'Polizist:innen op d'Asetze vun esou enger Kamera preparéieren och fir ze wëssen, wéini et Sënne mécht se ze benotzen.

Ganz restriktiven Accès op Videoen

D'Filmmaterial gëtt op interne Servere gespäichert a gëtt am Normalfall no 28 Deeg geläscht, heescht et am Gesetzesprojet.

Just d'Polizist:inne kënnen Accès op d'Videomaterial kréien, concernéiert Bierger:inne solle keen direkten Accès op d'Videomaterial kréien, esou den Alain Engelhardt op eis Nofro hin.

Eenzeg Ausnam: wa Bierger:inne sech beschwéieren oder eng Plainte maachen, well eng Infraktioun geschitt ass. An deem Fall géif dat de penale Wee goen an d'Biller gi vun Enquêteure vun der IGP saiséiert. Spéider solle concernéiert Bierger:innen dann Accès op d'Biller kréien.

De Projet vun de Kamerae soll 6 Milliounen Euro kaschten, esou de Policeminister Henri Kox.