Hie géif dem Luc Frieden awer bonne Chance wënschen, esou de Robert Dennewald. De Luc Frieden wier e formidabele Politiker gewiescht, et misst een elo kucken, wat elo doraus géif ginn. Viraussetzung fir President vun der Chambre de Commerce ze ginn, wier awer, datt sech de fréieren CSV-Minister staark vun der Politik distanzéiert a säi Posten als President vum Verwaltungsrot bei Saint-Paul opgëtt.
Zur aktueller Regierung seet de Robert Dennewald, datt d'LSAP an d'Gewerkschafte senger Meenung no ze vill e grousst Gewiicht kritt hätten, si hätte méi duerchgesat kritt, wéi et hinnen zougestanen hätt. "An ech mengen, datt dat och ënner der Influenz vun de Gewerkschaften ass." Et misst ee sech d'Fro stellen, wéi representativ d'Gewerkschaften an der Lëtzebuerger Gesellschaft wieren.
D'Gewerkschafte géifen zwar d'Frontaliere representéieren, déi vun der Chambre de Commerce net representéiert géife ginn. De Robert Dennewald ënnersträicht awer, datt d'Chambre de Commerce d'Interête vun den Entreprisë géif vertrieden, déi sech hirersäits fir d'Interête vun de Frontaliere géifen asetzen an dat "vläicht méi, wéi vill anerer".