Concernéiert ass jiddwereen iwwer 18 Joer. Fir Leit, déi mat AstraZeneca oder mat engem mRNA-Vaccin (Moderna oder BioNTech/Pfizer) geimpft goufen, kann ee fréistens sechs Méint no der zweeter Impfung ee Rappell maachen. Leit, déi mam Impfstoff vun Johnson&Johnson geimpft goufen, sollen no engem Mount ee Rappell kréie kënnen.
D'Immunitéit wier no enger sougenannter Boosterimpfung besser, dat géife vill Etüdë mëttlerweil beweisen, sou d'Paulette Lenert. 42 Prozent vun de Leit, déi mam Imfpstoff vun Johnson and Johnson geimpft gi sinn, hätte bis elo d'Offer vun enger Boosterimpfung ugeholl.
Impftaux stagnéiert
No der Annonce, datt de CovidCheck och op der Aarbecht agefouert ka ginn, wier d'Zuel vun den Impfungen zwar e bëssen an d'Luucht gaangen, esou de Constat vum Premier. Duerno wieren d'Éischtimpfungen awer net méi vill an d'Luucht gaangen.
Aktuell sinn 81,4 Prozent vun de Leit iwwer 12 eemol geimpft, 76,6 Prozent si komplett geimpft. "Mir sinn nach wäit ewech Tauxe vun anere Länner", esou de Xavier Bettel.
Impfen an der Apdikt
Fir de Leit d'Impfung esou einfach wéi méiglech ze maachen, soll et an Zukunft méiglech sinn, och an der Apdikt geimpft ze ginn. Ausserdeem soll an der Stad an der Groussgas ee weideren Impfzenter opgoen, dat direkt beim Testzenter an der Groussgaass.
Weider huet de Staatsminister haut annoncéiert, datt een an der Woch vum 6. Dezember eng Impfwoch wëllt organiséieren. Hei solle mobil Impfekippen a Shoppingzenteren, grad ewéi an d'Gemengen oder bei gréisser Evenementer goen, fir do eng Impfung unzebidden.
Aktuell géif ee keng exponentiell Hausse un Neiinfektiounen zu Lëtzebuerg feststellen - contrairement zu deem, wat am Ausland geschitt. Och d'Zuel vun de Patienten am Spidol wier den Ament nach stabel, dofir wéilt ee keng nei Mesuren imposéieren. Dat aktuellt Covid-Gesetz leeft also normal weider - sollt sech d'Situatioun awer verschäerfen, wier d'Regierung bereet méi Mesuren ze ergräifen, esou de Xavier Bettel.