Radioen

On air

Notturno  |  Witch - Waile

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Botzsecteur: Eng Rei Privatstéit respektéieren Aarbechtsrecht net

Coronavirus

Botzsecteur: Eng Rei Privatstéit respektéieren Aarbechtsrecht net

Am Botzsecteur schaffe ronn 11.000 Persounen. Déi meescht gi vun Entreprisë beschäftegt oder si schaffe stonneweis fir Privatstéit. Leeft de Kontrakt iwwer eng Firma, da kann de Patron fir d'Personal Kuerzaarbecht ufroen. Privatleit hunn déi Méiglechkeet net. Beim OGBL ruffen den Ament vill Botzfraen un, well eng Rei Privatstéit d'Aarbechtsrecht net respektéieren.

auto_stories

2 min

Et gi Privatstéit déi wéinst dem Coronavirus kee bei sech eraloossen. Wann déi ee Kontrakt iwwer eng Firma ofgeschloss hunn, kann d'Gesellschaft eventuell de Chômage partiel fir d'Botzpersonal ufroen. Ee private Patron kann dat net, eppes wat den OGBL schaarf kritiséiert. Beim OGBL ruffe permanent Fraen un, déi vun deene Privatpatrone gesot kréien, si sollen doheem bleiwen, bedauert d'Jessica Lopes vum OGBL.

"Mir kréien elo schonn déi ganz Woch non-stop ugeruff a gesot 'jo mäi Patron seet, ech bräicht net méi ze kommen, si géifen net wëssen, wéi laang dat Ganzt elo dauert, a si géife sech mellen, wann dat alles eriwwer ass an 'ech hu lo mäi Salaire verluer.' Dat ass natierlech net legal."

Deelweis kee Recht op Chômage

Bei enger Entloossung hu si och kee Recht op Chômage, esou d'Jessica Lopes vum OGBL.

"Wa mer elo zum Beispill eng Fra hunn, déi keng 16 Stonne geschafft huet, an déi kritt mat legalem Préavis gekënnegt, dann huet si souwisou kee Recht op Chômage."

Aner Botzfraen zécke fir schaffen ze goen, well si Angscht hu mat eelere Persoune ze schaffen, sou d'Jessica Lopes.

"Wou de Leit da gesot gëtt 'gitt är Grousselteren oder Elteren net besichen, mee d'Botzfra geet awer eran an eraus, si huet guer kee Material fir sech extra ze schützen oder fir d'Leit extra ze schützen."

Risiko de Salaire ze verléieren

Guer keng Hëllef kréien déi sëlleg Fraen, déi fir Privatstéit schwaarz schaffen, betount d'Presidentin vun der ASTI d'Laura Zuccoli.

"Bei deene Leit, déi a Privathaushalter sinn an net ugemellt sinn, hu mer dee selwechte Problem wéi virdrun. Wann déi Leit net schhaffe ginn, da verléiere si hire Salaire."

Déi hu weder ee Recht op ee Krankeschäin, ee Congé pour raisons familiales, nach op Indemnitéiten.