Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bradford Space elo Aktionär vun Deep Space Industries

Weltraumtechnologien

Bradford Space elo Aktionär vun Deep Space Industries

D'Firma Bradford Space, déi engem amerikanesche Grupp gehéiert, huet Deep Space Industries kaaft. Si huet domat och d'Filial vun Deep Space Industries zu Lëtzebuerg iwwerholl. Bradford Space Luxembourg hält um Standuert Lëtzebuerg fest. "Mir wëllen d'Aktivitéiten hei verstäerken", seet hiren Direkter am 100,7 Interview. Hie war d'lescht Woch zu Lëtzebuerg fir iwwer d'Strategie vu Bradford Space Luxembourg ze schwätzen.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / zharphoto

Deep Space Industries war nieft Planetary Resources eng vun den zwou éischten amerikanesche Weltallfirmen, déi nom Lancement 2016 vun der Lëtzebuerger Space Resources Initiativ op Lëtzebuerg koumen. D'Strategie vun der Lëtzebuerg Regierung gëtt haut awer méi a Fro gestallt wéi nach virun dräi Joer. Well Planetary Resources ass Faillite gaangen, an déi zwielef Milliounen Euro, déi de Staat dran investéiert hat, gounge verluer. D'Filial vun Deep Space Industries zu Lëtzebuerg konnt net ofhiewen, a gouf elo u Bradford Space verkaaft.

Ier een Deep Space Industries kaaft hätt, hätt d'Entreprise aus dem Silicon Valley a Kalifornien operéiert, seet den Direkter vu Bradford Industries, Ian Fichtenbaum.

Fir vun do aus e Büro zu Lëtzebuerg opzebaue wier geografesch, ekonomesch an technesch immens schwéier. Den Zäitënnerscheed vun néng Stonnen an d'Reeszäit vun 11 Stonne géifen et immens schwéier maachen, fir eng reell Präsenz opzebauen.

Dat wier elo anescht, well Bradford Space scho laang a Schweden ass, wou Propulsiounssystemer entwéckelt ginn. An Holland gi Komponente fir Weltraummissioune produzéiert a mat enger Präsenz zu Lëtzebuerg kéint een dorop weider opbauen. "Zu Lëtzebuerg maache mir Avionics. An all déi Elementer kënne mer zesumme leeën fir reell Missiounen ze maachen", sou den Direkter vu Bradford Industries.

Och SNCI-Prêt a Memorandum of Understanding maache Lëtzebuerg interessant

Natierlech kéint Bradford Space d'Aktivitéiten zu Lëtzebuerg einfach ganz an Holland verleeën. Mee de Standuert Lëtzebuerg hätt nach aner Avantagen. Et wier e Virdeel, wann een d'Ënnerstëtzung an d'Ressource vu méi europäesche Regierungen hätt. "Am europäesch System fir d'Weltall-Ekonomie hëlleft et, wann e Land ewéi Lëtzebuerg d'Initiativ ergräift, a mir soe kënnen, déi sinn un deem intresséiert wat mir maachen." Nierft där enger Persoun, déi vun Deep Space Industries iwwerholl gëtt, wéilt Bradford Space Luxembourg nach Leit astellen - wéi vill kéint een awer nach net soen.

Och d'Méiglechkeet vu finanzielle staatlechen Hëllefe mécht Lëtzebuerg fir Bradford Space attraktiv. Ëmmerhin hat Deep Space Industries e "Memorandum of Understanding" mam Lëtzebuerger Staat ënnerschriwwe fir vu finanzieller Hëllef fir Recherche an Entwécklung kënnen ze profitéieren. Do wieren awer nach keng Sue gefloss, sot eis de Mario Grotz am Wirtschaftsministère. Par konter hätt déi staatlech Investitiouns-Bank SNCI en, Zitat, "klénge Prêt" un Deep Space Industries gemaach. Den SNCI Direkter Emmanuel Baumann huet eis dat confirméiert. De Montant vun deem Prêt, kéint hien awer net verroden. Esou Informatioune wiere och bei der SNCI confidentiel an net ëffentlech.

Och den Direkter vu Bradford Space hält sech bei deem Sujet bedeckt. Iwwer de Memorandum of Understanding an de Prêt kéint hien elo nach näischt soen. Doriwwer soll deemnächst diskutéiert ginn, wann Bradford Space méi en detailléierte Business Plang fir Lëtzebuerg virleet. Bradford Space wier och, anescht wéi Deep Space Indsutries, kee Start-Up méi. Suen, déi ee bei Deep Space Industries nach gebraucht hätt, kéint een elo intern am Grupp fannen.

Zukunft fir Space Mining?

Fir de Space Mining gesäit den Direkter vu Bradford Space weiderhin eng Zukunft. D'Weltallressource wieren do, et missten elo nach vill Systemer an Infrastrukturen entwéckelt ginn, ier dës och wierklech ofgebaut kënne ginn. "Vläicht ass dat e Grond, fir wat et nëmme lues viru goung, well mer d'Tëschen-Etappen net haten." Mee et gëtt eng Evolutioun: besser Propulsiounssystemer, méi Méiglechkeete fir Missiounen ze lancéieren an eng besser Kommunikatioun, seet den Ian Fichtenbaum.

Hie géif de Lëtzebuerger Wirtschaftsminister Etienne Schneider och gutt kennen. Virun annerhallwe Joer hätt d'Firma souguer e Lëtzebuerger Space Ressources Event zu New York mat organiséiert.