Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brand an der Notre Dame

Paräis

Brand an der Notre Dame

Et gouf ee Brand an der Notre Dame zu Paräis. Een Tuerm vun der Kathedral ass agestierzt. D'Ursaach fir d'Feier ass nach net kloer. Bis elo goufen et keng Verletzter. Dënschdegmoies war d'Feier ënner Kontroll.

auto_stories

5 min

Renovatiounsaarbechte kéinte de Grond fir d'Feier an der Kathedral sinn. D'Flame goufen um Méindeg kuerz virun 19 Auer entdeckt.

Foto: picture alliance / NurPhoto

Beim Feier ass een Tuerm vun der Kathedral zesummegefall.

D'Pompjeeë vu Paräis ware bis an de fréien Dënschdeg Moien am Gaangen d'Feier ze läschen.

Um Dënschdeg Moien um 03:40 Auer mellt d'Noriichtenagence AFP, datt d'Feier ënner Kontroll ass.

Foto: picture alliance/Christian Böhmer/dpa

Verschidde Brécke goufe fir den Trafic gespaart.

Foto: picture alliance/Matthias Wagner/dpa

De franséische President Emmanuel Macron huet op Twitter säi Matgefill fir all d'Katholiken ausgedréckt.

picture alliance/Juan Cristobal Cruz Revueltas/dpa

Och d'Buergermeeschtesch vu Paräis Anne Hidalgo huet sech zu Wuert gemellt.

De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel huet op Twitter och säi Matgefill ausgedréckt.


De franséische President Emmanuel Macron huet op ugekënnegt, d'Kathedral erëm opbauen ze loossen:

Lauschterenplay_arrow


Eis Korrespondentin Sofia Aouine ass fir eis op der Plaz mat engem éischte Bilan:

Lauschterenplay_arrow


De Bau vun der Notre Dame gouf 1160 ugefaangen an 1260 gréisstendeels ofgeschloss. Knapp 13 Millioune Mënsche besichen d'Kierch all Joer.