Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Durand Jones & The Indications - Witchoo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brasilien: Versprieche sinn net op enger Linn mam Handelen

KLIMASCHUTZ

Brasilien: Versprieche sinn net op enger Linn mam Handelen

Op der Weltklimakonferenz huet Brasilie versprach, de Reebësch besser ze schützen. Zejoert gouf allerdéngs ee Rekord am Ofholzen opgestallt. Dat stellt d'Credibilitéit vun der Regierung a Fro. Och en Vue vum Handelsaccord mat der EU.

auto_stories

4 min

Déi neiste Chifferen iwwert d'Ofholze vu Reebësch a Brasilien sinn alarmant. Si stame vun brasilianeschen Institut fir d'Weltraumfuerschung, wat Satellitten-Donnéeën ausgewäert huet an erausfonnt huet, datt tëscht August 2020 an Juli 2021 13.235 Quadratkilometer Reebësch verschwonnen ass, dat sinn 22 Prozent méi ewéi zejoert - deen héchste Niveau zanter 2006.

Déi Zuele louchen schonn den 27. Oktober um Dësch, goufen awer bis no der Klimakonferenz zeréckgehalen an eréischt dono publizéiert. Op där Konferenz hat Brasilie versprach, op mannst dat illegaalt Ofholze vum Amazonas- Reebësch bis 2028 ze stoppen.

Mercosur-Accord läit op Äis

Greenpeace reprochéiert Brasilien elo, d'Land hätt zu Glasgow wëlle säin Image op poléieren, am Wëssen, datt ee weidere Rekord am Ofholzen opgestallt géif ginn.

D'EU huet mat Brasilien an dräi anere südamerikanesche Länner een Handelsofkommes negociéiert - dee Mercosur-Accord läit awer op Äis, gouf net ënnerschriwwen, ebe wëll verschidde Länner Bedenken en Vue vum Klima- an Ëmweltschutz hunn.

D'Meenunge ginn auserneen. D'Europäesch Kommissioun seet, datt am Nohaltegkeets-Kapitel vum Accord genuch Precautioune geholl goufen an zum Beispill dra steet, datt d'Länner sech de Klimaziler verflichten. Anerer zweiwelen dorun. Och wëll keng Sanktioune virgesi sinn, wann ee sech net drun hält.

Desaccord iwwert Bedeitung vum Accord fir Klimaschutz

De Stefan Ambec, ee Chercheur op der Uni zu Toulouse huet fir déi franséisch Regierung ee Rapport iwwert de Mercosur-Accord geschriwwen an doran op Lücken am Text higewisen.

"D'Aspekter vu Nohaltegkeet hu keng grouss legal Valeur. Si beschränke sech dorop, un d'Engagementer vun de Signataire vum Paräisser Klima-Accord ze erënneren. Si gesinn och ee Forum fir den Dialog vir, fir iwwert verschidden Ëmwelt-Reglementer ze diskutéieren a Rapporten doriwwer ze maachen. Zum Beispill gëtt et ee Forum iwwert nohalteg Entwécklung, wouran et och ëm d'Ofholze vu Bëscher geet. De Probleem ass, datt domat keen Engagement verbonnen ass, et si just Diskussiounsgruppen."

Am Europaparlament ginn d'Meenungen iwwerdeems doriwwer, wéi ee mam Mercosur-Accord ëmgoen soll, auserneen. Zanter datt de Jair Bolsenaro d'Rudder a Brasilien iwwerholl huet, huet d'Ofholze vu Reebësch zougeholl. Den Handelsaccord mat der EU wier ee Moyen, fir hei Drock auszeüben, seet den Jörgen Warborn, schwedeschen Europadeputéierten a Member vun der Handelskommissioun am Parlament.

"Ech denken, wann de President Bolsonaro de Mercosur-Accord ënnerschreift, dann ënnerschreift hien och de Paräisser Klima-Accord op en Neits. An dat féiert zu enger Verschäerfung vun der Situatioun.

Parlament fuerdert Méiglechkeet vu Sanktiounen

Et sinn net Handelsaccorden, déi Länner dozou bréngen, eng aner Politik ze maachen. Seet iwwerdeems den Uri Dadush - een Expert beim Think Tank Bruegel zu Bréissel.

"D'Bestëmmungen an Handelsaccorden iwwert Ëmweltmesurë kënne Brasilien e bëssen an déi richteg Richtung drécken, mee si wäerten net déi brasilianesch Klimapolitik determinéieren. Keen Handelsaccord kann do Garantien iwwert d'Aktioune vu Partnerlänner ginn. Villes wäert dovun ofhänke wéi seriö dës Länner mam Accord ëmginn."

Grad dowéinst fuerderen eng Partie Länner ma och Europadeputéiert, datt den Accord méi Garantie muss liwweren. D'Europäesch Kommissioun huet annoncéiert, den Text ze iwwerschaffen a speziell iwwert d'Ofholze vu Bëscher een neit Kapitel derbäi ze setzen.

Fir dat déi och eppes wäert sinn, musse Sanktioune virgesi ginn, seet d'Saskia Bricmont, belsch Europadeputéiert vun deene Gréngen:

"Am Parlament setze mer eis fir Sanktiounen als lescht Mëttel an. A mir verlaangen explizitt, datt d'Klimaziler am Accord dra stinn."

Och den Stefan Ambec vun der Uni Toulouse, seet d'Nohaltegkeets-Kapitel am Accord misst erweidert ginn.

"Mir roden, méi präzis Konditiounen an den Accord anzeschreiwen, ënnert deene géifen, d'Reduktioune vun de Douanes-Taxen op Äis geluecht géifen. Dat kéinte moossbar Konditioune sinn, wéi zum Beispill d'Protektioun vum Reebësch."

D'Europäesch Kommissioun wëll d'nächst Fréijoer eng nei Propose maachen fir de Mercosur Accord. D'Weltklimakonferenz an déi nei Zuelen iwwert d'Rekord-Ofholzen a Brasilien sollten do eng Roll spillen, dat hoffen op mannst Klima-Aktivisten.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.