Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bréifwahl fir jiddereen

Wahlgesetz

Bréifwahl fir jiddereen

Vun den nächste Chamberswahlen u soll den Accès zur Bréifwahl méi einfach gemaach ginn. Grond heifir ass eng ëmmer méi niddreg Wahlbedeelegung. Dëst soll elo an engem Gesetzprojet geännert ginn.

auto_stories

5 min

Lëtzebuerg gehéiert nieft der Belsch zu deene wéinege Länner, an deenen et eng Wahlflicht gëtt, och wa se net sanktionéiert gëtt. Bei de Gemengewahlen d'lescht Joer hunn trotzdeem ronn 13 Prozent vun de Wahlberechtegten net vun hirem Wahlrecht Gebrauch gemaach, an nëmme sechs Prozent hu per Bréifwahl gewielt. Beim Referendum 2015 waren et knapp néng Prozent, a bei de Chamberswahlen 2013 hu knapp 7,5 Prozent hir Stëmm per Post erageschéckt.

Ee Grond heifir kéinten déi streng Critèrë sinn, déi een huet missten erfëllen, fir d'Bréifwahl unzefroen. Bis ewell war et nämlech esou, datt just Leit vun iwwer 75 Joer, esou wéi Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, an déijéineg, déi duerch hir Aarbecht verhënnert waren, d'Bréifwahl konnten ufroen. Dëst soll elo geännert ginn. An der zoustänneger Chamberskommissioun fir d'Institutiounen an d'Verfassung hunn d'Deputéiert d'lescht Woch e Rapport ugeholl, deen eng Partie Ännerungen um Wahlgesetz virgesäit.

Keng Critèrë méi, fir Bréifwahl unzefroen

Den LSAP-Fraktiounschef a President vun der zoustänneger Chamberskommissioun erkläert, datt een d'Konditioune vun der Bréifwahl lues a lues opgelackert hätt. Elo géif een de leschte Schrëtt vun dëser Entwécklung maachen. Elo kéint jiddereen de fräie Choix treffen, ob en iwwert Bréifwahl seng Wahlbedeelegung ausdréckt, oder ob en dat am Wahlbüro mécht.

Et soll an Zukunft méi einfach sinn d'Bréifwahl unzefroen, et muss een nämlech kee Grond méi uginn. Ausserdeem goufen d'Delaien ugepasst, an deenen een d'Bréifwahl ufroe kann. Den DP-Deputéierten Eugène Berger, Rapporter vum entspriechende Gesetzprojet, nennt do beispillsweis Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen:

"[...] Datt mir do den Delai e bësse méi grouss maachen, 12 Wochen ab deem se kënnen dat dann ufroen, well do och Courriere mussen hin an zeréck goen, datt dat also an déi Richtung opgemaach gëtt, an awer och an déi aner Richtung awer och hei zu Lëtzebuerg, do nach och méi kuerz virun de Wahlen d'Bréifwahl kann ufroen, dat heescht bis 25 Deeg virun de Wahlen."

De Gesetzprojet bréngt och nach eng Rei aner administrativ Vereinfachunge mat sech. Den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler fënnt dës Entwécklung allerdéngs net besonnesch gutt. Hie fënnt et wichteg, datt d'Leit an de Wahlbüro ginn, well do de Secret vum Vote garantéiert ass. Hie gesäit d'Bréifwahl just als Supplement u fir déi Leit, déi net d'Méiglechkeet hätten, déi normal Wahlprozedur ze maachen. D'Bréifwahl dierft awer net op dee selwechten Niveau gestallt gi wéi déi klassesch Aart a Weis wielen ze goen. Et hätt een do dee selwechten Avis wéi de Staatsrot.

E méi inklusiivt Wahlrecht

En anere Punkt, deen am Gesetzprojet festgehale gouf, betrëfft déi Leit, déi blann sinn oder ganz schlecht gesinn. Bis ewell war et esou, datt déi Leit op Hëllef ugewise waren, sief et beim Ufroe vun der Bréifwahl, oder an der Wahlkabinn selwer. Den Alain Brever vun der Blannevereenegung begréisst d'Initiativ an erkläert, wéi eng Hürden et fir blann Leit gëtt, wa si bis an de Wahlbüro ginn:

"Et ass jo meeschtens esou, datt d'Leit dann ee musse froen, wou si och e grousst Vertrauen hunn, an dann ass et nach natierlech net sou sécher, datt déi Persoun dann och dierf mat eragoen. Déi Leit, déi dann am Wahlbüro sëtzen, déi dierfen och net mat eragoen, déi dierfe jo och net fir déi Persoun Kräizer maachen, sou waren déi Blann a Sehbehënnert scho bal ëmmer drop ugewisen, fir dann d'Bréifwahl ze maachen."

Den neie Projet de Loi gesäit vir, datt Blann Leit mat Hëllef vun enger Wahlschabloun a Braille-Schrëft am Büro selwer hir Stëmm kënnen ofginn. Fir de Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk, ass dat eng positiv Entwécklung. Et misst een d'Wahle fir jiddereen esou einfach wéi méiglech gestalten. Dofir géifen déi Lénk dëst ënnerstëtzen. Et misst een den demokratesche Prinzip vun der Accessibilitéit zu de Wahle sou einfach wéi méiglech maachen.

D'Wahlgesetz muss ëmmer nees un aktuell Entwécklungen ugepasst ginn: Eng Diskussioun wéi déi iwwert den eenzege Walbezierk ass net vum Dësch, an och d'Auslännerwalrecht kéint nach eemol op d'Tapéit kommen. Den Eugène Berger mengt, datt dës Diskussioun sécherlech ni vum Dësch wäert sinn, och wann et de Moment net aktuell wier. Et hätt een d'Resultat vum Referendum zur Kenntnis geholl a géif et och zu 100 Prozent respektéieren. Et wier awer en Dossier, deen an den nächsten zéng Joer sécherlech erëm aktuell wäert ginn. Dann hätt een eng Situatioun zu Lëtzebuerg, wou méi wéi d'Hallschecht vun de Leit net méi um demokratesche Prozess kënnen deelhuelen. Da wäert déi Diskussioun sécherlech nei opkommen, esou den DP-Politiker.

Iwwert den neie Projet de Loi wäert deemnächst an der Chamber ofgestëmmt ginn, an e soll scho fir d'Chamberswahlen am Oktober dëst Joer gëllen.