Radioen

On air

Notturno  |  Quickly, Quickly - Satellite

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bréngt d'Corona-Kris de Green Deal vun der EU a Gefor?

Klimaschutz

Bréngt d'Corona-Kris de Green Deal vun der EU a Gefor?

Bréngt d'Corona-Kris de Green Deal vun der EU a Gefor? Bis 2050 soll Europa klimaneutral sinn, dat gesäit de Plang vun der EU-Kommissioun vir. Eng Rei osteuropäesch Staaten, dorënner Polen an Tschechien, fuerderen, datt Europa sech elo virun allem soll op déi wirtschaftlech Konsequenze vun der Corona-Kris konzentréieren an d'Ëmweltschutzmesuren soll op Äis leeën.

auto_stories

3 min

D'Tilly Metz ass Deputéiert am Europäesche Parlament fir déi gréng.

De ganzen Interview mat der Tilly Metz lauschterenplay_arrow


Den europäesche Green Deal soll wéinst dem Coronavirus annuléiert ginn. Dat hat den tschechesche Premier rezent gefuerdert. Och aus Ungarn a Pole koumen änlech Téin. Et wier effektiv Drock vu verschiddene Politiker a Politikerinne an anere Lobbyisten do, confirméiert déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz.
"Déi Konservativ, déi hätte gär datt een elo mat allem wat Ëmweltkrittäre sinn, lues mécht oder manner streng ass. Ech denken elo un d'Copa Cogeca, déi d'Farm to fork strategy for sustainable food wëlle réckelen. Dës Strategie soll eng kloer Influenz op déi gemeinsam Agrarpolitik hunn. Mir hunn och d'Autoskonstrukteuren, déi e Bréif un d'Kommissioun geschéckt hu fir ze froe manner exigent ze si bei den CO2 Krittäre fir nei Autoen ze bauen."

D'Tilly Metz bleift optimistesch

D'Relance vun der Ekonomie géif just funktionéieren, wa parallel och de Greendeal géif ëmgesat ginn, erkläert d'Tilly Metz. D'Europadeputéiert ass optimistesch, well eng Majoritéit vun der EU-Kommissioun dat d'selwecht géif gesinn.
"Op der enger Säit hu mir eng Kommissioun, déi ganz staark Aussoe gemaach huet. D'Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen, déi sot viru Kuerzem, datt déi ganz Covid-19 Kris eis weist, wéi dréngend et ass eng gréng Transitioun ze maachen. Och de Valdis Dombrovskis, Kommissär fir d'Ekonomie, seet, mir brauchen eng resilient an nohalteg Ekonomie. Et si vill Politiker an Politikerin déi d'Urgence erkannt hunn. An d'Kommissioun huet elo bewisen, datt wann eppes als Kris unerkannt gëtt, datt eng Flexibilitéit do ass, a se kann reagéieren. A sou wéi mir de Covid-19 als Urgence gesinn hunn, sou bleift d'Klimakris, déi domadder verbonnen ass, urgent."

Warnung viru Greenwashing

De Greendeal dierft net op eemol e Greenwashing ginn, warnt d'Tilly Metz. Et dierft een elo net op eemol Beräicher ënnerstëtzen, déi net méi an d'Philosophie vun dëse gréngen Ziler passen.
"Mir kennen net soen, mir wëllen d'Ekonomie retten, mir ënnerstëtzen awer lo massiv d'Baue vu Fluchhäfen zum Beispill. Et muss een elo och soen, zemools am Fligerberäich, datt een do muss investéieren, datt do och eng ekologesch Transitioun kennt. Datt d'Leit, déi do schaffen och kënnen an anere Beräicher schaffe goen, wéi zum Beispill am Beräich vum Zuchverkéier. Et muss ee schonn iwwerleeën, wat ënnerstëtze mir elo, zemools wann de Staat eppes finanziell ënnerstëtzt a mir hunn als Zil déi ekologesch Transitioun ze maachen. Da kënne mir net Business as usual maachen."
D'Tilly Metz, gréng Europadeputéiert, gesäit d'Covid-19 Kris als eng eventuell Warnung, déi soll weise wéi vulnerabel eis Systemer sinn. An datt d'Klimakris eng grad sou wichteg Urgence ass an dozou kéint bäidroen eng zukünfteg Pandemie ze evitéieren. Spéitstens muer wëllt den Ëmweltministère hei am Land dann och iwwer d'Zukunft vum Green Deal kommunizéieren, heescht et op Nofro hin.