Radioen

On air

Notturno  |  Englbrt - Euphoria

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brexit a Migratioun

EU-Politik 2018

Brexit a Migratioun

De Brexit ass ee vun de grousse Sujeten, déi eis 2018 EU-politesch begleet hunn. D'Organisatioun vum Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU ass komplizéiert. Och manner wéi 100 Deeg virum Stéchdag den 29. Mäerz ass awer ëmmer nach net gewosst, wéi dat Ganzt iwwer d'Bühn goe soll. Op d'mannst steet d'EU zesummen an deem Prozess, dorop ass Bréissel stolz. Am meeschte gestridde gouf iwwerdeems 2018 op en Neits iwwer d'Migratiounspolitik - och wann ëmmer manner Refugiéen an d'EU kommen. E Réckbléck.

auto_stories

4 min

D'Danièle Weber kuckt op d'Joer 2018 an der Europapolitik zeréck. Foto: Elke Weber/Archiv.

Deen éischten Austrëtt vun engem Land aus der EU kascht vill EU-diplomatesch Energie. Sou vill steet fest. Och wann d'Europäesch Kommissioun gäre betount, dat dee Prozess dat normaalt politescht Geschäft net aus dem Gläichgewiicht bréngt.

Brexit: E Bierg vun Aarbecht

Et läit ee Bierg vun Aarbecht virun eis, sou de Constat vum EU-Chef-Negociateur Michel Barnier am Mee dëst Joer am Euranet Plus Interview. Et wier de Briten hire Choix gewiescht aus der EU an aus de sëlleche Verträg erauszeklammen, seet hien.

Méintelaang gëtt iwwer ee Brexit-Ofkommes verhandelt, de Pabeier läit um Dësch, - keen Accord, well dat britescht Parlament muss nach zoustëmmen, an dat annoncéiert sech bis elo net gutt.

Dateschutz: De grousse Worf?

Et gouf awer 2019 och Neel mat Käpp gemaach. Am Mee trëtt eng nei Dateschutz-Direktiv a Kraaft. Dem Lëtzebuerger Justizminister Felix Braz no ass mat där Direktiv e grousse Worf gelongen. Déi nei Dateschutzreegele wieren déi schäerfsten, déi et op der Welt géife ginn, besonnesch fir esou e groussen Territoire wéi d'EU.

Copyright-Direktiv: Staark Kritik

D'EU gëtt sech och eens iwwer eng nei Copyright-Direktiv. Et gëtt vill iwwer Upload-Filteren diskutéiert, déi de Contenu op seng Droit d'Auteuren automatesch ënnersiche sollen.

Den Enn vum fräien Internet soen déi eng. Fir d'Julia Reda weist d'Erfarung vun ähnleche Filteren op YouTube, datt dës Filtere reegelméisseg Feeler maachen a legale Contenu reegelméisseg läschen.

Den Alex Voss, Europadeputéierte vun der däitscher CDU fënnt dat iwwerzunn a mengt, datt dat net der Realitéit entsprécht. Um Enn gëtt eng ofgeschwächt Variant festgehalen, eréischt d'Praxis wäert weisen, mat wéi enge Konsequenzen ze rechnen ass.

Handelssträit mat den USA

Den Handelssträit mat den USA a virum allem déi amerikanesch d'Stroftaxen op Stol an Aluminium beschäftegen d'EU vill. De Kommissiounspresident reest am Juli op Washington a kennt zeréck mat engem Accord - vun deem bis haut gerätselt gëtt, wat e richteg bedeit. D'Kommissioun feiert allzäit een Erfolleg, déi aner Säit gëtt sech och zefridden.

De Kommissiounspresident kritt versprach, datt et net och nach zu Stroftaxen op Autoe kënnt. An de Verhandlungen iwwer ee méiglechen Accord, an deem esou eppes verankert kéint ginn, ass een awer och Enn des Joers nach net wäit komm.

Dauerbrenner Migratiounspolitik

De Sujet, dee sech d'ganz Joer wéi ee roude Fuedem duerch d'Europapolitik zitt, ass d'Migratiounspolitik. Mat ëmmer manner Flüchtlingen, déi ukommen - mee och mat ëmmer méi Doudegen am Mëttelmier.

Wou Hëllefsschëffer elo massiv behënnert ginn - vun enger neier italienescher Regierung, déi aner Säiten opzitt. Déi gréng Europadeputéiert Ska Keller seet, datt Italie kloer géint internationaalt Séirecht a géint d'Mënscherechter géif verstoussen, wéi d'Rettungsschëff Aquarius am Juni eng Woch laang mat iwwer 600 Refugiéen u Bord um Mier festsëtzt.

Eng europäesch Léisung gëtt gebraucht

D'Diskussioun ass nees voll lancéiert. Léisungen awer keng en Vue. De Chef vun der Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei, de Manfred Weber, stellt fest, datt d'Thema an all de Memberlänner dominéiert. Dofir bräicht een och eng europäesch Léisung, mengt hien.

Dat "zesummen" funktionéiert awer just, wann et dorëms geet, méi staark Kontrollen op de Baussegrenzen ze decidéieren. No bannen ass eng Ëmverdeelung vun de Flüchtlinge kaum nach een Thema.

Ee vun de wéinegen, dee sech domat net gëtt, ass de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn, dee seet, datt een d'Migratioun net an de Grëff géif kréien, wann ee sech just op d'Baussegrenze konzentréiert. Et misst och eng Léisung innerhalb vun der EU fonnt ginn, seet hien. Un der Kommissioun läit et net, seet de Jean-Claude Juncker am September am 100,7-Interview.

Zäitëmstellung: Keng Léisung fonnt

Mee och aner, vläicht manner wichteg Saache klappen net, wéi de Kommissiounschef sech dat wënscht. D'Auer dréie soll ofgeschaaft ginn, sou seng Annonce.

A Wierklechkeet ass et awer un de Memberlänner an net un der Kommissioun hei Kleeschen ze spillen. An déi si sech bis elo och op deem Punkt net eens - ee vun e puer Dossieren, déi mat an d'nächst Joer geholl ginn.