Radioen

On air

Tockcity  |  Ezra Collective, Joy Anonymous & Sampa The Great - JOY (Life Goes On)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brexit an Dieselsommet

D'Woch an Europa

Brexit an Dieselsommet

Brexit: Mat bis elo engem Accord op europäescher Säit, een Diesel-Sommet, deen um Enn kee war, eng nach e bësse vag Strategie fir de Klimaschutz a villen Diskussioune ronderëm eng digital Steier, déi nach net fir muer ass. Wat war lass dës Woch op der europäescher Tribün?

auto_stories

5 min

D'Danièle Weber ass 100,7-Korrespondentin fir d'Europäesch Unioun zu Bréissel. Foto: Elke Weber.

D'Woch goung direkt lass mat engem Spezial-Sommet iwwer de Brexit. Do ass een ee Schratt virukomm, trotzdem koum beim Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker keng Begeeschterung op. Et wier kee gudden Dag gewiescht, sot hien.

Effektiv: keen Dag fir Schampes ze drénken, sou de Jean-Claude Juncker, fir deen et keng glécklech Scheedung gëtt. Et gouf betount, datt ee bedauert, datt d'Briten aus der EU erausginn, an datt een deem Adieu elo souzesoen ee Schratt méi no komm ass mat engem Accord vun de 27 Memberstaaten iwwer de Brexit.

Trotzdem war d'Stëmmung net schlecht. Et huet ee villen ofgesinn, datt si och erliichtert waren, datt op d'mannst déi 27 Memberstaate sech eens gi sinn. Et war dee kierzte Sommet, op deem ech jeemools war: géint zéng Auer goung et lass a kuerz no 13 Auer war d'Pressekonferenz vum Lëtzebuerger Premier.

De Xavier Bettel war och fir deen Accord. Hien ass awer och net frou doriwwer, datt Groussbritannie scho geschwënn net méi Member vun der EU ass.

Jo effektiv - an do huet de Premier eppes gesot, wat en esou nach ni gesot huet - nämlech dat heiten: "Mir verléiere mat Groussbritannien ee Partner op ganz villen Dossieren. Mir wäerten dee vermëssen, ech brauch Iech et net ze verstoppen." Et géif een e wichtege Partner a Froen am Finanzsecteur verléieren.

Dofir wéilt ee weider d'Relatioune mat hinne fleegen. Groussbritannien als Partner vermëssen: dat sinn nei Téin. Normalerweis gouf op de britesche "Partner" an der EU dacks geklappt, well sech Groussbritannien a villen Dossiere queesch gestallt huet, eng Extrawurscht wollt a sou weider. Et war also schonn interessant ze héieren, datt Lëtzebuerg an deem EU-Stéifkand och ee Partner gesäit.

Op Nofro sot de Premier, datt London City a Lëtzebuerg Partner waren an zesummen als "Continent européen" vis-à-vis vun internationale Partner europäesch Positioune preservéiere wollten.

Dat gouf bis elo net esou betount. Et gouf awer dono op eis Nofro op dëser Antenn och vum Nicolas Mackel vu Luxembourg for Finance confirméiert. Groussbritannie war e wichtegen Alliéierten an d'Lëtzebuerger Finanzplaz war a relativ symbiotescher Relatioun mat London gewuess. Lëtzebuerg a Groussbritannien haten alignéiert Interête vu Länner fir déi Finanzdéngschtleeschtunge wichteg sinn ze verdeedegen.

Während Brexit am Hannergrond weider präsent war - gouf et och nach aner Reuniounen zu Bréissel, oder och net. Den Diesel-Sommet, deen hätt sollen en Dënschdeg sinn, gouf kuerzerhand ofgeblosen, souzesoen "Fautes de combattants"?

Et hate sech ganzer zwee vun 28 invitéierte Ministeren ugemellt. D'Kommissioun wollt mat alle Regierunge vun de Memberlänner de Point maachen doriwwer, wéi eng Mesuren op nationalem Plang virgesi sinn, fir fir eng méi propper Loft ze suergen.

Dat schéngt den Ament keng Prioritéit ze sinn, well sech der just zwee ugemellt haten. Aus dem Sommet gouf dunn eng technesch Reunioun. D'Kommissioun huet decidéiert, déi dann esou ze organiséieren, souzesoen op Beamtenniveau.

Fir Lëtzebuerg sollt de Staatssekretär Claude Turmes mat dobäi sinn. Hie war och zu Bréissel deen Dag an hien hätt sech och fir dee Sommet ugemellt, sot hien eis. Mee wéi d'Reunioun dunn degradéiert gouf, ass och hien net dohi gaangen. Elo soll d'nächst Joer en neien Ulaf geholl ginn. E bëssen onverständlech, wann ee bedenkt, mat wéi enge Problemer vill europäesch Stied den Ament a punkto propper Loft ze kämpfen hunn, mee do musse mir bis d'nächst Joer waarden.

Eng gutt Nouvelle fir d'Loft gouf et dann awer: d'Kommissioun huet nämlech eng Laangzäit-Strategie proposéiert fir d'Emissioune bis 2050 massiv ze reduzéieren.

D'Kommissioun hätt gären, datt d'EU bis 2050 klimaneutral ass. Dat heescht, datt ënner dem Stréch keng schiedlech Emissioune méi an d'Loft geblose ginn. D'Kommissioun proposéiert dofir aacht Zeenarien. Et ass e bësse schued, datt si sich net festleeë wollt. Esou ass dat Ganzt e bëssen alles an engem Pak an onkonkret, et bleift e bësse vag. Et gi keng wierklech konkret Mesuren opgezielt.

Kritiséiert gouf vun Ëmweltschützer, datt d'Kommissioun bis no 2030 waarde wëllt mat neien, méi ambitiéise Pläng, wéi se bis elo scho virleien.

Bis dohi wier d'EU "on track", dat heescht et leeft esou, wéi et soll, dat huet d'Kommissioun ëmmer erëm betount. Dat ass awer net dat, wat déi neiste Rapporte vun der UNO soen, déi elo e puer Deeg virun der nächster Klimakonferenz erauskoumen.

An da gouf dës Woch och am Hannergrond iwwer déi nei Steier fir grouss Internetentreprisë wéi Google Facebook a Co geschwat. Déi Steier ass nach net fir muer, oder wat ass däi Pronostic, Danièle?

Nee, net fir muer an ech géif esouguer soen, net fir iwwermuer. Do géif ech bal drop wetten. Wéi EU-Diplomate verroden hunn, sinn déi lescht Gespréicher net ganz positiv verlaf. Et gëtt nach ëmmer Länner, déi sech géint déi Steier wieren.

Eisen Informatiounen no, an dat hunn e puer Sourcë confirméiert, wieren et nach ëmmer néng Länner, déi éischter skeptesch wieren. Dovunner soen der zwee bis dräi carrement "Nee", dorënner Irland a Schweden op alle Fall.

Däitschland bleift och bei deenen, mat deenen intensiv geschwat gëtt fir Iwwerzeegungsaarbecht ze leeschten, dat war aus franséische Regierungskreesser ze héieren. Den Olaf Scholz, den däitsche Finanzminister, sot dës Woch an enger Ried op der Humboldt Uni, datt ee léiwer eng Léisung op internationalem Niveau hätt, dat heescht eng Mindeststeier, déi da weltwäit gëllt.

Ob Däitschland sech géint eng europäesch digital Steier stellt, ass den Ament net kloer. Et géif Dag an Nuecht geschafft gi fir awer nach een Accord zustanen ze kréien, dat hunn e puer Diplomate betount.

Lëtzebuerg kéint mat där Propos liewen ënner Konditioun, datt déi europäesch Léisung dann ewechfält, wann eng international fonnt ginn ass, an datt ee weider un enger internationaler Léisung schafft. Lëtzebuerg hat nogefrot ob Finanzservicer ënner déi digital Steier falen. Et krut een da gesot, datt déi net dobäi sinn. Dat wier eng gutt Nouvelle, hu mir héieren.

En Dënschdeg steet de Sujet um Ordre du jour vun de Finanzministeren hei zu Bréissel - an do wäerte mir da sécher drop zeréckkommen.