Radioen

On air

Notturno  |  Englbrt - Euphoria

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net nëmme Groussbritannie profitéiert

Brexit-Deal

Net nëmme Groussbritannie profitéiert

D’Europäesch Unioun huet kee Konzept, wéi si mat der sougenannter Flüchtlingskris ëmgoe soll. Wann et drëm geet, economesch net u Stäerkt ze verléieren, ass ee sech méi séier eens. Dat huet den EU-Sommet op en Neits gewisen.

Danièle Weber, Bréissel / ys

auto_stories

3 min

David Cameron

Datt sech d’EU mat Groussbritannien eens ginn ass, kéint ee jo als Succès verkafen.

Den Text vum sougenannte Settlement mat Groussbritanien ass allerdéngs een, deen net nëmme Groussbritannie manner Europa a méi Nationalstaat versprécht.

Europa à la carte

All Land kritt do d'Méiglechkeet certifiéiert, sech manner déif an d'Europäesch Unioun z'integréieren. Op e puer Plaze ginn am Text d'Weiche fir eng EU à la carte gestallt. Oder eng Unioun, déi a verschidde Kategorien agedeelt ass, bei deenen et d'Méiglechkeet gëtt, méi oder manner Gas ze gi mat der politescher Integratioun.

De britesche Premier David Cameron sot nom Sommet: Mir kréien d’Méiglechkeet, do matzemaachen, wou et eis gutt deet, an do ewech ze bleiwen, wou dat net de Fall ass.
Sou Sätz ginn duerno gär vun deenen ausernee geholl, déi sech als méi iwwerzeegten Europäer ewéi d'Brite bezeechnen.

Allerdéngs ass et näischt Neits, datt sech EU-Länner dat eraushuelen, wat hinne gefält, an am anere Fall Extrawurschte gebrode kréien.

Lëtzebuerg krut do zu verschiddene Momenter och schonn déi eng oder aner Derogatioun. Zum Beispill hat de Grand Duché direkt vun der Méiglechkeet Gebrauch gemaach, d'Bierger aus den neien EU-Ost-Länner eréischt méi spéit op sengem Aarbechtsmarché zouzeloossen.

EU-Regele ginn iwwerdeems permanent och vun deene gebrach, déi als iwwerzeegte Memberen gëllen. Als déi, déi méi Europa wëllen, wéi Groussbritannien.

Sech erauszepicken, wat engem gefält, ass also net nei. An et brauch ee sech dowéinst och net ze wonneren, datt d'EU Groussbritannien elo ee gutt Stéck entgéint komm ass.

Dozou kënnt, datt dat wat den David Cameron freet, deem entsprécht, wat och vill anerer wëllen: D'Méiglechkeet, manner an der EU matzemaachen.

A verschidde vun deene neie Regelen arrangéieren och déi aner EU-Länner. Zum Beispill, datt d'Kannergeld, dat an d'Ausland bezuelt gëtt, elo kann indexéiert ginn. Déi däitsch Bundeskanzlerin huet direkt Interêt ugemellt.  

Keng Eenegkeet bei Flüchtlingsfro

Den Austrëtt vun economesch wichtege Partner wéi Groussbritannien aus der EU ass fir verschidde Länner, wéi Däitschland ee Cauchemar, deen et op ale Fall ze verhënnere gëllt. An do hunn d'EU Länner elo eng gewëss Eenegkeet gewisen.

Ganz anescht gesäit et aus, wann et drëm geet, als Unioun op dat ze reagéieren, wat gären als Flüchtlingskris bezeechent gëtt, wat sech awer a Wierklechkeet als Kris vun der Unioun presentéiert.

Hei ass dat eenzegt Konzept, wat z'erkennen ass, dat, de Problem méiglechst no baussen ze verlageren. Un deem Konzept gëtt dann um nächste Spezial-Sommet an zwou Woche mat der Tierkei weider geschafft.