Radioen

On air

Resonanzen  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brexit: Déi zwou Säite musse sech beweegen

4. Brexit-Verhandlungsronn

Brexit: Déi zwou Säite musse sech beweegen

Bei der 4. Ronn vun de Brexit-Gespréicher, geet et haaptsächlech ëm d'Fëscherei. Dat Kapitel sollt am Fong bis den 1. Juli ofgeschloss sinn. D'Diskussioune stiechen awer fest. Och d'EU muss eventuell noginn, seet de Rapporter vum Europaparlament an deem Dossier, de Christophe Hansen. Fir de President vun der Handelskommissioun, Bernd Lange, probéiert déi brittesch Regierung, vun der Corona-Kris ze profitéieren.

auto_stories

4 min

D'Fëscherei ass ekonomesch bei Wäitem net dee wichtegste Secteur fir béid Säiten. Allerdéngs huet dat Kapitel wéinst historesche Streidereien een héije Symbolwäert.

Ongerecht Quotereegelung?

Der EU no soll et esou weider goe wéi bis elo. Dat heescht, datt d'Fëscher aus Irland, Holland, Frankräich an Dänemark d'Recht behalen, sou vill wéi bis elo a brittesche Gewässer ze fëschen. Dat ass ongerecht, wëll déi aktuell Quoten, déi zanter Joren gëllen, souwisou ze héich sinn, seet Groussbritannien. "Do ass eppes drun", seet och den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen. "Mir stelle fest, datt 40 Prozent vun de Fësch an der EU a brittesche Gewässer gefaange ginn. Dat ass immens vill. Do ass et verständlech, datt si och gären domat handele géifen."

De Christophe Hansen ass am gaangen d'Positioun vum Parlament an engem Rapport festzehalen. D'Fëscherei wier a sengen Aen ee Beräich, wou d'EU kéint noginn.

"Ech denken datt mer do e bësse Flexibilitéit musse weisen. Dat wier ee gudde Package, dee mer hinne kéinten ubidden."

Op mannst all déi EU-Länner, deenen d'Fëscherei net esou wichteg ass, kéinten op dësem Gebitt zimmlech kompromëssbereet sinn. Et misst ee kucken, "op wéi enge Schrauwen een dréinen kann", sou de Christophe Hansen.

D'Fëscherei ass awer een Deel vum Ganzen, seet de President vun der Handelskommissioun am Europaparlament, de Bernd Lange.

"Das ist letztendlich ein Geben und Nehmen in allen Sektoren und deswegen gehört der Fischereisektor in die generelle Diskussioun eines Handelsabkommens hinzu."

Keen "normalen" Handelsvertrag

Déi Diskussiounen awer stieche fest, zanter Woche geet et net virun. London behaapt sech drop, datt een näischt anescht wielt, wéi een normalen Handelsaccord, sou ee wéi d'EU zum Beispill ee mat Kanada huet.

Bréissel awer seet, datt Groussbritannien refuséiert, iwwer verschidde Kapitelen ze verhandelen, déi zu esou engem Accord dozou gehéieren. Groussbritannien hätt zum Beispill bis elo keng Propose fir ëffentlech Ausschreiwungen oder Reegelunge fir kléng a mëttel Betriber gemaach. Déi Reegelunge wieren awer duerchaus Deel vum Accord mat Kanada, sou de Christophe Hansen.

"Si sinn eigentlech déi, déi sech net drun halen. Si huele sech aus deenen Accorden déi Deeler eraus, déi hinne passen."

Och fir den däitsche Sozialdemokrat Bernd Lange huet sech Groussbritannien bis elo virun allem duerch Refusen ervir gedoen. D'Land géif sech weigeren, iwwer gemeinsam Standarden ze diskutéieren.

"Es gibt viele Bereiche, in denen mit dem Scheinargument der briteschen Souveränität, Verhandlungen unmöglich gemacht werden."

Sträitpunkt: Europäesche Geriichtshaff

Op déi Souveränitéit berifft sech London och, wann et drëms geet, datt een an Zukunft den europäesche Geriichtshaff net méi als déi Instanz wëll akzeptéieren, déi am Sträitfall tranchéiert.

Een Argument, wat der Droite aliicht, wéi den Markus Buchheit vun der däitscher AFD, déi lescht Woch am Parlament betount huet. Et géif jo schliisslech och net vun aneren Handelspartner verlaangt, datt si akzeptéieren, datt den Europäesche Geriichtshaff dat lescht Wuert huet.

Groussbritannien ass awer nun emol keen Handelspartner wéi een aneren, seet dozou de Christophe Hansen.

"Dat wäert eisen 3. gréissten Handelspartner iwwerhaapt ginn. An dann zielt natierlech déi geografesch Proximitéit. Dofir musse mer do besser oppassen. Dat ass de Grond, firwat mer op deem Punkt besonnesch strikt sinn."

Allerdéngs misst sech d'EU eventuell och um Punkt vun de Standarden beweegen.

"Et gëtt Kolleegen hei am Parlament, déi fuerderen een Alignement dynamique vun de brittesche Gesetzer op déi europäesch. Dat géif heeschen, datt si all Ännerung, déi mir hei maache, missten d'office matmaachen. Ech mengen dat ass eppes, wat fir si politesch méiglech ass."

Corona koum geleeën

Et ass also Beweegung op béide Säite gefrot. An dofir muss elo op héchstem Niveau matenee geschwat ginn.

Ee Rendez-vous tëscht der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an dem brittesche Premier Boris Johnson soll nach am Juni sinn. Detailer si nach keng bekannt, huet gëscht de Kommissiounsspriecher widderholl.

Den 31. Dezember leeft d'Iwwergangszäit aus. London wëll net nach eng Kéier verlängeren, dat huet déi brittesch Regierung schonn dacks betount. Am Europaparlament gëtt d'Méiglechkeet vun engem haarde Brexit, also engem ouni Handelsaccord, fir ëmmer méi warscheinlech gehalen. Corona koum do ganz geleeën, seet den däitsche Sozialdemokrat Bernd Lange.

Déi brittesch Regierung géif ganz bewosst mam Echec vun de Verhandlunge spillen, a probéieren der EU de schwaarze Péiter zouzespillen.

"Die Corona-Pandemie sollte die Verhandlungspartner dazu drängen, eine Einigung zu erreichen. Sie darf im Falle eines Scheiterns nicht als Ausrede herbeigezogen werden. Denn diese Krise macht noch deutlicher, wie wichtig die Zusammenarbeit über Staatsgrenzen hinweg ist, zwischen den Mitgliedern der Europäischen Union und mit allen ihren Partnern."