"Ech halen eng Ried e Mëttwoch am Parlament an do soen ech wat ech ze soen hunn. The negociations will continue at a higher level and with a higher speed."
Sou den Nach-EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker no engem Aarbechtsiesse mam britesche Premier Boris Johnson. Dono war de britesche Premier Boris Johnson de Mëtteg fir ronn eng Stonn beim Premier Xavier Bettel am Staatsministère. Anescht wéi geplangt si béid Regierungscheffen duerno net gemeinsam virun d'Press getrueden, mee de Xavier Bettel huet dat eleng gemaach. De Lëtzebuerger Premier huet gesot, datt et eng Verlängerung vum Austrëtts-Delai nëmme soll ginn, wann et eng Ursaach dofir géif ginn. Begleet gouf d'Visitt vum britesche Premier haut hei an der Stad vu gréisseren Demonstratioune vu Brexit-Géigner.
Maacht net esou, wéi wann d'EU déi Béis wieren, déi d'Decisioun aus Groussbritannien net géifen akzeptéieren. Di britesch Regierung huet den Deal ugeholl an et ass net ass net meng Responsabilitéit, wann se doheem keng Unioun fënnt, a keng Majoritéit am Parlament. Dat sinn hausgemaache Probleemer an mir all muss eis lo mat denen hausgemaache problemer beschäftegen. Zu kengem Zäitpunkt wäert ech dofir Responsabilitéit akzeptéieren, net als Europäeschen Regierungschef, net fir d'Eu-Kommissioun an et ass och net denen aner 27 EU-Länner hier Schold, dass mer - et deet mer leed - an deem Duerchenaner sinn