Groussbritannien wëllt deem neie Pabeier no laangfristeg eng Fräihandelszone fir Wueren, awer net fir Servicer. D'EU huet bis elo d'Schafe vun esou engem Bannemaart, just fir Wueren, ausgeschloss.
"Mir verhandelen net iwwer dëse Pabeier, mir verhandele weider wéi ofgemaach iwwer een Austrëttsaccord", sot den Donneschdeg een héijen EU-Diplomat. Zum briteschen Text géif et virun allem vill Froen. Déi huet och den Ausseminister Jean Asselborn, deen haut fir Lëtzebuerg zu Bréissel mat derbäi ass.
D'Kommissioun huet den Donneschdeg eng Notiz erausginn, déi d'EU-Länner op een No-Deal - also de Fall, datt et net zu engem Accord kënnt, preparéiere soll. D'Länner wiere ganz ënnerschiddlech virbereet - verschiddener gutt, wéi Irland, Holland oder d'Belsch, déi eng extra Webpage fir Entreprisen ageriicht hunn. Anerer manner gutt.
Lëtzebuerg muss och op No-Deal preparéiert sinn
Wéi ass dat zu Lëtzebuerg? De Jean Asselborn wëllt net vun engem No-Deal schwätzen. "Dat wier ze wäit an an déi falsch Richtung gegraff", seet de Lëtzebuerger Ausseminister. Och Lëtzebuerg misst, als EU-Memberstaat, op alles preparéiert sinn. "All Dispositiver si getraff fir de Briten ze soen, wat geet a wat net geet." D'Wäissbuch, wat déi britesch Premierministesch rezent virgestallt huet, hätt, dem Jean Asselborn no, positiv an negativ Säiten.
Kënnt et net zu engem Deal, gëtt et och keng Iwwergangszäit - da gëlle vum 30. Mäerz u keng EU-Gesetzer méi an a fir Groussbritannien. Dat hätt een direkten Impakt op d'EU-Bierger a Groussbritannien, mee och op den Transport dohin, sou d'Kommissioun.
Lëtzebuerg géif mat am meeschten ënner No-Deal leiden
Den Internationale Währungsfong huet sech och mat der Fro vun engem No-Deal befaasst. Deemno géif d'Wirtschaft an der EU laangfristeg méi ënner esou engem Zeenario leiden, wéi dat a fréieren Etüden ausgerechent gouf. De PIB kéint ëm 1,5 Prozent erofgoen, bei engem Fräihandelsofkommes rechent den IWF mat enger Baisse vun 0,8 Prozent.
Am Fall vum No-Deal kéinten an der EU méi wéi eng Millioun Aarbechtsplaze verschwannen, sou den IWF.
Am meeschte betraff vun den negative Suite wier där Etüd no Irland, Holland, d'Belsch a Lëtzebuerg.
Zu Lëtzebuerg hat Enn Juni d'Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur d'CSSF op d'Risiken higewisen a geroden, déi néideg Precautiounen och fir een No-Deal ze huelen.
D'Danièle Weber am Panorama vun 12 Auer: