Mam Brexit verloossen 72 Deputéiert d'Parlament. Net jiddwereen ass traureg. Déi 26 Deputéiert vun der Brexit Partei zum Beispill dierften alleguer zefridde sinn.
Fir d'Majoritéit vun deenen aneren ass dat awer anescht. Et si Leit dobäi, wéi de Richard Corbett vun der Labour-Partei, dee mat enger Ënnerbriechung schonn zanter 1999 am Europaparlament souz. Hie beschreift dat, wat hien elo erlieft als "heartbreaking" an awer och als "heartwarming".
Häerzzerräissend, well hie goe muss an doriwwer guer net frou ass. Awer och häerzerwiermend, well den Ëmgang vun de Kolleege mat de Britten ee ganz solidaresche war an de leschte Méint a Wochen. Wéi vill anerer hat hie bis um Schluss gehofft, et kéim net zum Brexit. Eréischt den 12. Dezember, nodeems d'Resultat vun de Walen a Groussbritannie bekannt war, huet hie realiséiert: Et geschitt wierklech, Brexit is happening !
Wat sinn aner Reaktiounen, a wat geschitt dann um Brexit-Dag zu Bréissel?
Lauschtert d'Gespréich mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.