Radioen

On air

Tockcity  |  Kids Return - Lovers War

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brexit: Verlängerung ass Chefsaach

Groussbritannien an EU

Brexit: Verlängerung ass Chefsaach

A 15 Deeg trëtt Groussbritannien aus der EU eraus. Am Prinzip, well datt de Brexit an d'Verlängerung geet, ass ëmmer méi wahrscheinlech. Wéi vill méi Zäit soll d'EU de Brite ginn? Dat ass eng vun de kriddelege Froen. Eng Decisioun doriwwer fält eréischt um EU-Sommet déi nächst Woch.

auto_stories

3 min

Et ass ee klore Message, dee vu Bréissel op London geschéckt gëtt. Mir hunn een Accord, a wa Groussbritannien net ouni Deal erausgoe wëllt, da gëllt dëse Brexit-Accord a just deen.

D'Brite missten elo kloer soen, wat si wëllen, sou de Chef-Negociateur vun der EU, de Michel Barnier e Mëttwoch am Europaparlament. Déi Fro misst gekläert ginn, éier een iwwer eng méiglech Extensioun nodenkt.

Iwwer ee Verleeë vum Datum, op deem Groussbritannien aus der EU austrëtt, dee bis elo um 29. Mäerz fixéiert ass, gëtt vill diskutéiert.

De Countdown leeft

Mee d'EU ass sech eens. Eng Verlängerung mécht just da Sënn, wann ee genee weess, firwat. Mat anere Wierder: Zesumme mat der britescher Demande fir eng Extensioun muss eng Propos kommen, déi vun enger Majoritéit am britesche Parlament gedroe gëtt.

Ee gudde Grond fir den Datum no hannen ze réckele wier een zweete Referendum. Där Meenung waren e Mëttwoch eng ganz Partie Europadeputéiert, wéi si iwwer d'Situatioun diskutéiert hunn.

Brexit kéint Wahlcampagne sabotéieren

Eng Angscht war am Parlament däitlech ze spieren: De Sujet Brexit kéint d'Campagne vun den Europawahlen, déi jo Enn Mee sinn, dominéieren. Dat muss verhënnert ginn, sou d'Fuerderung queesch duerch d'Parteien.

D'Längt vun enger méiglecher Extensioun mécht iwwerdeems den EU-Vertrieder Kappzerbrieches. Iwwer den Datum Enn Mee vun den Europawahlen erauszegoe kéint problematesch ginn - legal gesinn. Op d'mannst, wa Groussbritannien net bei deene Wahle matmécht.

All EU-Bierger huet ee Recht drop, am Europaparlament vertrueden ze sinn, steet nämlech am Traité.

Am Europaparlament gëtt et awer Juristen déi soen, datt net den 29. Mee mee den 2. Juli do den decisiven Datum ass. Op deen Dag kënnt dat neit Parlament fir d'éischt zesummen, et kéint een also de Brexit bis dohi verlängeren, ouni dat a Groussbritannie gewielt muss ginn.

Laangfristeg Extensioun kéint problematesch sinn

Alles awer wat doriwwer erausgeet, also eng Verlängerung vun iwwer dräi Méint, wier juristesch wackeleg ouni Europawahlen op der Insel. Eng Klo virum Europäesche Geriichtshaff, datt dat neit Parlament géint den Traité verstéisst, kéint duerchaus Chancen hunn, sou d'Aschätzung vun Experten.

Wéi d'Ambassadeuren e Mëttwoch zu Bréissel zesummekoumen, war eent kloer: D'Fro vun der Extensioun ass Chefsaach. D'Kommissioun krut de kloren Optrag, eng juristesch Analys ze maachen. D'Resultat soll dann um EU-Sommet déi nächst Woch analyséiert ginn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.