Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brexit-Verlängerung trotz Europawahlen?

Brexit

Brexit-Verlängerung trotz Europawahlen?

Déi meescht Deputéiert am britesche Parlament si sech eens, datt e Brexit ouni Accord mat der EU ausgeschloss ass. E Mëttwoch soll eng Gesetzesännerung gestëmmt ginn, déi genee dëse Fall verhënnere géif. Mee och wann de sougenannten No-Deal-Brexit a Groussbritannie vum Dësch wier, bleift ee grousse Problem: d'Zäit leeft der Politik fort.

auto_stories

2 min

D'Premierministesch Theresa May mengt, wa si den 12. Mäerz hiren Accord mat der EU duerch d'Parlament kréich, kéint een den 29. Mäerz austrieden. Mee wéineg Leit kafen hir dat of. De Konsens ass, datt d'Premierministesch an deem Fall trotzdeem eng technesch Verlängerung géing ufroen, fir dat neit Brexit-Gesetz ze ratifizéieren an den Iwwergang sou douce wéi méiglech ze maachen. D'EU géif dat begréissen.

Bis elo weist awer nach net vill drop hin, datt dësen Accord iwwerhaapt duerch d'Parlament kënnt. Wéi am Januar déi lescht Versioun vum Accord vun den Deputéierte refuséiert gouf, war dat déi gréissten Defaite jee vun enger Regierung hei an der Chamber. De Verdacht besteet, datt d'Premierministesch op Zäit spillt, an der Hoffnung, datt den Accord aus Angscht virun engem No-Deal votéiert gëtt.

Muss Groussbritannien Europawahlen organiséieren?

Mee wat geschitt, wann am Mäerz weder en Accord, nach en No-Deal-Brexit a Fro kënnt? Da muss een de Brexit opschuppen, duerch eng Verlängerung vum Artikel 50, wouzou d'EU sech bereet erkläert huet. Do kënnt eng nei Fro op: wéi laang verlängert een? Am Mee si schliisslech Europawahlen, wou keen hei wëllt matmaachen.

Bis den éischte Juni mussen déi nei EU-Deputéiert hire Sëtz anhuelen. Mee richteg gleeft awer keen drun, datt dräi Méint laang genuch ass fir eng uerdentlech Alternativ zum aktuellen Accord oder zum No-Deal. Fir en neien EU-Referendum gëtt dat knapp. An och fir Neiwahlen, déi sech d'Sozialdemokrate wënschen.

Pragmatesch gesi brauch eng Alternativ zum aktuellen Accord eng Verlängerung vun engem Joer; mee da misst Groussbritannie legal gesinn an d'Europawahlen, well een anescht den éischte Juli automatesch eraus ass. Weder déi konservativ Regierung, nach d'Oppositioun wëllen awer matmaachen.

Eventuell Europawahle kéinten der Theresa May an d'Hänn spillen

D'Wieler géifen net agesinn, firwat ee weider Deputéiert op Bréissel géif schécken. Déi zwou grouss Parteien hunn Angscht, datt d'Europawahlen eng ideal Plattform kéint ginn, fir datt sech nei Parteien ofsplécken a mat enger pro- oder anti-Brexit Campagne Wieler gewannen. D'lescht Woch ware jo schonn néng Deputéiert bei de Sozialdemokraten an dräi bei de Konservativen ofgesprongen.

Eng Participatioun bei den Europawahle géif och der EU e Stréch duerch d'Rechnung maachen, schliisslech sinn e groussen Deel vun de Sëtz vun de Briten elo un aner Länner verginn, an dës Länner hunn hir Gesetzer, wat Wahlbezierker uginn, schonn deemno ugepasst.

Participatioun bei den Europawahlen ass eng Méiglechkeet, déi kengem passt, mee awer kéint antrieden.

Vläicht spillt dës Eventualitéit der Premierministesch awer schlussendlech an d'Hand.