Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brexit: Weiderhinn ze vill Onsécherheete fir Betriber

Brexit

Brexit: Weiderhinn ze vill Onsécherheete fir Betriber

Et gi méi Froe wéi Äntwerte ronderëm de Brexit, seet de President vun der britescher Chambre de Commerce. A wéi wäit de Standuert Lëtzebuerg vum briteschen EU-Austrëtt profitéiert, kann hien net genee chiffréieren.

auto_stories

2 min

Et ass net am Interêt vun den Entreprisen, datt de Brexit elo bis spéitstens Enn Oktober verréckelt gouf, seet de President vun der britescher Chambre de Commerce zu Lëtzebuerg. Den Daniel Eischen seet et wier zwar gutt, datt en Austrëtt ouni Accord hätt kënne verhënnert ginn, mee d'Betriber hätten net déi néideg Ressourcë fir elo nach e puer Joer kënnen ze waarden. "Wann ech muss meng Locatioun änneren, da muss ech ufänken ze lounen, ech muss Leit deplacéieren, ech muss investéieren, ech muss Geld op d'Säit leeën, ech muss plangen. A fir Firmen ass dat ebe kee Spill", sou den Daniel Eischen.

Alles wat Onsécherheet schaaft wier e Problem fir d'Membere vun der britescher Chambre de Commerce zu Lëtzebuerg. "Dofir, et ass besser wei e 'Cold Brexit', wou näischt decidéiert ass, an de 29. Mäerz alles a Fatze fiert, dat ass ganz kloer". Trotzdeem géifen d'Betriber weider ouni konkret Äntwerten do stoen.

Konkret Auswierkunge vum Brexit si schwéier anzeschätzen

Et ass am Moment schwéier anzeschätzen, a wéi wäit de Standuert Lëtzebuerg vum Brexit ka profitéieren. Et wier och just e "schwaachen Trouscht", datt verschidden Entreprisen den EU-Austrëtt zu hirem Virdeel kënnen notzen. Den Daniel Eischen schwätzt an deem Kontext vu Firmen déi sech op Serviceleeschtunge géife spezialiséieren, déi néideg sinn, fir an engem méi gespléckte Maart kënnen ze fonctionnéieren.

De President vun der British Chamber of Commerce kann net genee chiffréieren, wei vill Entreprisë bis elo wéinst dem Brexit op Lëtzebuerg geplënnert sinn. Seng Chamber hätt duerch de Brexit fënnef bis zéng nei Memberen kritt.