Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Rolling Blackouts Coastal Fever - The Way It Shatters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brout a Spiller

FIFA-Skandal

Brout a Spiller

WM-Attributioun 2018 an 2022, elo och 2006, Presidentschaftswahlen 1998 an 2011, WM-Tickets, Affaire Zahia, elo Sextape-Affär, d'Lëscht vun de Skandaler ronderëm Korruptioun an der FIFA a ronderëm de Profifussball am grousse Ganzen ass laang. An inspiréiert den Denis Scuto haut zu engem historesche Vergläich.

auto_stories

4 min

(©Bigstock/Rawpixel)

Déi nächst Woch hält de Pieter Lagrou, Professer fir Zäitgeschicht op der Université Libre de Bruxelles e Virtrag op der Uni Lëtzebuerg mam Titel: "La victoire de la démocratie sur ses ennemis? Pour une histoire critique du temps présent" Hien hat virun zwee Joer an der Revue Vingtième siècle eng kritesch Bestandsopnam vun deene Recherchen um internationale Plang gemaach. Hien huet ënnert anerem dofir plädéiert d'Zäithistoriker sollten an hirer Ausernanersetzung mat Kricher, mee am grousse Ganze mat sougenannten däischteren oder längst vergaangenen Zäiten, dat Ähnlecht analyséieren éischter wéi d'Differenz vun deenen Epochen, d'Ressemblancen an d'Kontinuitéiten éischter wéi d'Rupturen.

Als fréiere Fussballspiller an haut Fussballzuschauer denken ech oft un déi Suggestioun vum Lagrou. Zum Beispill wann ech déi Welt vergläiche mat de réimesche panem et circenses. Brot und Spiele. Als Enseignant hunn ech am Lycée oft missen dee Sujet behandelen. En dankbare Stoff. Spektakulär. Deen de Schüler a mir awer och als Negatioun vun eiser Zäit virkomm ass, mat der Brutalitéit vun de Gladiatorekämpf, dëser wéineg humanistescher Institutioun déi Aspekter vun der mënschlecher Natur opdeckt, déi ee léiwer ignoréiere wéilt.

DSDS als Gladiatorekampf

Wann ech haut nach esou Course misst halen, géif ech vläicht éischter Ressemblancen an de Virdergrond stellen. Sinn Emissioune wéi "Deutschland sucht den Superstar", wou eng Jury den Daum no uewen oder no ënnen hält viru Milliounen an net méi nëmmen Dausenden Zuschauer an zum Schluss och nëmmen een iwwreg bleift esou vill anescht, well d'Mise à mort nëmme symbolesch, d'Humiliatioun nëmme psychologesch ass?

A meng léif Fussballswelt oder aner Star-Sportsmilieuën? Ass se esou anescht wéi de Gladiatoremilieu? Net deen aus den Hollywoodfilmer, mee dee Milieu, deen d'Aarbecht vum Georges Ville iwwer "La Gladiature en Occident", publizéiert 1981, presentéiert. Hien huet gewisen, dass d'Gladiatore Fräiwëlleger waren, fräi Männer, passionéiert vun hirem Beruff a vun der Gewalt. Wann se als Sklave gezwonge gewiescht wieren, wier de Spektakel medioker ginn. An obwuel aus dem einfache Vollek, sinn se vun den Denker als Beispill zitéiert ginn a goufe bewonnert vun de Massen. Wéi Fussball-Filigrantechniker a gutt gebaute Männer haut.

Wéi ech 1985 mat der Jeunesse géint Juve gespillt hunn a sollt de Platini Mann decken, wat mer natierlech net gelongen ass, hunn ech anengems den Artist a seng Ballbehandlung bewonnert a war immens enttäuscht vum Mënsch, deen e puer vu sengen eege Matspiller wéi e Stéck Dreck um Terrain behandelt huet.

Haut gëtt de Zidane trotz oder vläicht grad wéinst sengem Coup de boule bewonnert. Eng Sportszeitung wéi déi franséisch Equipe baut hir Verkafsstrategie schonns zënter Jorzéngten op d'Kritik ënner der Gürtellinn vun der franséischer Nationalequipe op. Ofschéissen, verbal Gewalt als Markenzeechen. Trotzdem oder grad dowéinst gëtt se kaf.

Virilitéit a Mënscherechter

Virun 2000 Joer huet de Quintilian sech doriwwer opgereegt dass verschidde Männer esou wéineg viril wieren, dass se den Ubléck vun engem verletzte Gladiator net kéinten erdroen an incapabel wieren den Amant vun hirer Fra ëmzebréngen. Haut stinn nieft dem Fussball Sextapen, Kokainorgien oder Prostitutiounsaffären am Mëttelpunkt vum Medieninteressi. D'Virilitéit ass ëmmer nach dat iewescht Ideal. An déi grouss Proprietäre vun de Gladiatore-Schoulen, déi haut an enger Organisatioun mat Numm FIFA regruppéiert sinn, verkafen d'Meeschterschaften un deen deen am meeschte bitt, och an hir eegen Täsch.

An ech. Ech sinn 1978 nuets opbliwwe fir d'Mätscher vun der Weltmeeschterschaft an Argentinien ze kucken, e Land wou zum selwechten Ament politesch Opposante gefoltert an ermort goufen. Deemools hat ech 13 Joer an ech wosst et net. D'Proprietairë vun de Gladiatoreschoule wossten. Mee haut ass alles besser. De Fussball huet gewonnen iwwer seng Feinden déi d'Mënscherechter verletzen a korrupt sinn. Dofir si mer eis och all eens dass mer d'Weltmeeschterschaft am Qatar 2022 op kee Fall wäerte kucken. Oder?