Radioen

On air

Notturno  |  East Coast Love Affair - Date With The Rain Feat. Peter Hunningale & L. Ross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Budget 2021 a Krisenzäiten

Chamber

Budget 2021 a Krisenzäiten

De Budget 2021 gouf de Moien an der Chamber ugeholl. Wéinst der Covid-19-Kris gëtt et d'nächst Joer een Defizit beim Zentralstaat vun 2,7 Milliarden Euro. Wärend de Budgetsdebatten an der Chamber gouf et gëschter virun allem eng gréisser Diskussioun iwwer d'Gestioun vum Staatsbudget virun der Covid-19-Kris.

auto_stories

4 min

Gréisser Diskussioune gouf et wärend de Budgetsdebatte wéinst dem Virworf vun der CSV. D'Regierung hätt a gudden Zäiten d'Scholden net genuch ofgebaut oder Suen op d'Säit geluecht, fir déi a Krisenzäite kënnen anzesetzen. Den CSV-Deputéierte Gilles Roth dozou:

"An do ass et verpasst ginn, an ech huelen et nach eng Kéier, den Apel fir den Duuscht op d'Säit ze leeën. Well et wousst een, datt déi Recetten do, vun de Steieren - iwwregens hunn d'plans pluriannuelles ausgewisen - datt déi net rekurrent weider an d'Luucht géife goen. (...) Wat ass geschitt? Et ass eng Halligalli-Politik gemaach. Gratis hin, gratis do. Den Tun krut eppes, de Pierre och, an de Michel huet och eppes missen an der Dräierkoalitioun kréien."

Et wier net de Moment fir ze spueren

De Finanzminister Pierre Gramegna kontestéiert déi Aussoen an ënnersträicht, et wier een um Wee gewiescht d'Scholden ofzebauen, wéi d'Pandemie koum.

Um Krautmaart gouf et awer ee grousse Konsens, datt et a Krisenzäiten net ubruecht wier fir Spuermoossnamen ze ergräifen - trotz engem grousse Budgetsdefizit.

Där Meenung war de Fernand Kartheiser vun der ADR net: "Mir sollen net iwwer eis Verhältnisser liewen. Mir hätte gären, datt de Budget am Gläichgewiicht ass. Et gëtt einfach vill Beräicher wou mir vum ADR géinge spueren."

Mee den Finanzminister Pierre Gramegna huet an der Chamber ënnerstrach, datt een eng Kéier misst iwwer de Scholdenofbau diskutéieren:

"Dat hu mir och an der Vergaangenheet gewise mat anere Finanzminister: mir si kapabel, wann et enk gëtt, zesummenzehalen a Mesuren ze huelen. An dat op der Säit vun den Depensen an de Recetten. An ech soen Iech, dee Moment kënnt nach eng Kéier, wou mir eis mussen zesummesetzen. Mat deenen Defiziter déi mir hunn, do kommen Decisiounen op eis duer, déi net agreabel sinn. Et ass elo net de Moment fir iwwer Steiererhéijungen ze schwätzen (...) Mee et ass kloer, mat engem Defizit vun 2,7 Milliarden, deen déi nächst Jore just lues wäert erofgoen, datt mir dat musse seriö huelen."

Hien huet sech awer zouversiichtlech gewisen, datt d'Vaccinatioun eng wirtschaftlech Relance wäert erméiglechen.

Wéini gëtt iwwer d'Steierreform diskutéiert?

D'Regierung ka wéinst der Kris keng Steierreform an d'Weeër leeden, fir de Sven Clement vun der Piratepartei misst bei verschiddene Persounen elo gehandelt ginn:

"All deenen anere gëtt gesot, datt elo net de Moment ass fir eng Steierreform. Wittfraen a -männer, déi, nodeems si hire Partner verluer hunn, méi héich besteiert gi wéi virdrun, musse waarden. Pirate fuerdere säit Joren eng Steierklass fir jiddwereen."

De Georges Engel, LSAP-Fraktiounspresident huet sech agesat fir méi sozial a fiskal Gerechtegkeet:

"Et ass wichteg, datt Bierger a Biergerinne Vertrauen an d'Politik behalen, datt si am Sënn vun der Allgemengheet handelt. Et duerf een dofir legitim Diskussiounen net am Keim erstécken. Et muss ee Courage hunn an der Politik an et muss ee sech op all Zort vu Diskussioun aloossen. An d'Diskussioun iwwer d'Justice fiscale ass esou eng Diskussioun."

De Gesondheetssecteur brauch méi Ënnerstëtzung

Grad am Kontext vun der Covid-19-Kris wier et wichteg d'Gesondheetswiesen ze ënnerstëtzen. Den David Wagner vun déi Lénk sot, d'Kris hätt Verschiddenes opgedeckt:

"An der Santé hu mir jo gesinn, d'Kris vum Covid ass den Ausdrock vun engem Gesondheetssystem, dee scho virdrun op senge Limitte geschafft huet. Vu Kris ze schwätzen am Kader vum Covid ass d'ailleurs net méi esou richteg. Kris hate mir ganz am Ufank, Mäerz, Abrëll, wou mir vun der Pandemie iwwerrumpelt goufen. Lo hu mir erlieft, wou d'Schwächte vun eisem Spidolssecteur sinn. An och wa mir net alles bannent e puer Méint aus dem Buedem erausgestampft kréien, musse mir esou séier wéi méiglech déi néideg Investissementer plangen. Mir brauchen Infrastrukturen, mir brauche Personal."

Déi gréng Fraktiounspresidentin d'Josée Lorsché huet och ee Plaidoyer gehale fir d'Spidolswiesen ze ënnerstëtzen.

"Engersäits well d'Pandemie nach net eriwwer ass a weiderhin déi néideg personell a finanziell Mëttele gebraucht ginn, fir d'Pandemie adequat ze geréieren. Anerersäits well d'Pandemie eng Rei strukturell Schwächte vum System bloussgeluecht huet. Fir dës Schwächte laangfristeg ze behiewen, brauche mir net nëmme Budget, mee mir brauchen och strukturell Reformen."

De Budget 2021 gouf de Moie mat de Stëmme vun de Majoritéitsparteien an der Chamber ugeholl.