Relativéiert huet d'Haffmarschallin och déi staark Hausse vun de finanzielle Mëttelen, déi de Palais zur Verfügung gestallt kritt. Am Budgetsprojet fir 2021 si fir den Haff 70 Prozent méi Sue virgesinn wéi am Budget vun dësem Joer.
"Virdrun, z. B. wa Renovatiouns- oder Securisatiouns-Aarbechten ze maache waren, stoungen déi op anere Plazen am Budget ënner anere Ministèren, z. B. bei Bâtiments publics. D'Nouveautéit vun dësem Budget ass, datt mer enfin elo absolut transparent sinn an alles op eng Plaz zesummeschreiwen."
Et géif der Yuriko Backes no, deemno just esou ausgesinn, wéi wann de Budget géif massiv an d'Luucht goen. Op de Poste vun der Securisatioun vun de Sitten a vun der IT wieren iwwerdeems Investitiounen néideg gewiescht "an do proposéiert d'Regierung ebe fir ze investéieren".
Den Haffmarschall huet neierdéngs méi Kompetenzen, wat d'Personalgestioun um Haff ubelaangt, och wat de Budget ugeet. Domat si Recommandatioune aus dem Rapport vum Jeannot Waringo ëmgesat ginn. De Premier hat de fréieren Direkter vun der Finanzinspektioun jo erausgesicht, fir Reformen um Haff virzeschloen. Si wier awer net vum Xavier Bettel op hire Posten nominéiert ginn, mee vum Grand-Duc, esou d'Yuriko Backes. Si wier awer frou, datt d'Regierung an och de Premier dës Nominatioun ënnerstëtzt hätten.