SREL-Kontrollkommissioun trëfft Bundesbeoptragte fir Stasi-Archiv

Déi historesch SREL-Archiven aus de Joren 1960 bis 2000 kéinten zerstéiert ginn, nodeems se vun enger Historiker-Kommissioun opgeschafft goufen. Dat sot den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry haut no enger Reunioun vun der Geheimdéngschtkontrollkommissioun.

Invitéiert war de Bundesbeoptraagte fir d’Dokumenter vun der Stasi, Roland Jahn. An Däitschland regelt ee Gesetz den Accès zum Archiv vum fréieren DDR-Geheimdéngscht. Prinzipiell kënne Bierger, Wëssenschaftler an d’Press d’Dokumenter consultéieren: Am Eenzelfall gëtt gepréift, ob den Accès accordéiert gëtt, a wéi eng perséinlech Informatioune musse geschwäerzt ginn.

Den Interview vum Pia Oppel mam Roland Jahn:

 

Ob esou ee Modell och zu Lëtzebuerg kéint ëmgesat ginn, dorobber wollten den Alex Bodry an och den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler sech op Nofro hinn nach net festleeën. Kloer wier, datt ee Gesetz néideg ass, fir den Accès ze reegelen.

Den Interview mam Claude Wiseler:

 

D'SREL-Enquêtekommissioun hat an hirem Rapport gefuerdert, datt déi historesch Archiven opgeschafft ginn. De Premier Xavier Bettel huet d'Chamber fir en Avis gefrot, ier am Staatsministère d'Aarbecht un engem Gesetzprojet ufänkt. Am September hat den Alex Bodry nach gemengt, datt den Text fir Enn 2014 prett kéint sinn. Lo géif et nach e puer Wochen dauere bis d'Chamber hiren Avis ofschléisst, sou den LSAP-Fraktiounschef.

Den Interview mam Alex Bodry:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen