Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Brainstory - Peach Optimo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Bürokratie ofbauen"

Kannerrechter

"Bürokratie ofbauen"

De fréieren Direkter vun der Fondatioun Kannerschlass fuerdert een Ëmdenken beim Encadrement vu Kanner mat enger Verhalensstéierung. Et misst een no den Ursaache vun deem psychesche Leide sichen a sech net op d'Gestioun vun deem Verhalen limitéieren, seet de Gilbert Pregno.

auto_stories

2 min

headphones

18 min

play_arrow
Gilbert Pregno

De fréieren Direkter vun der Fondatioun Kannerschlass Gilbert Pregno fuerdert een Ëmdenke beim Encadrement vu Kanner mat enger Verhalensstéierung. Verantwortung droen d'Elteren, awer och déi Professionell an d'Politik, seet de Gilbert Pregno. Déi aktuell Strukture loosse vill ze wënschen iwwreg, seet de Kannerpsycholog. Ënner anerem wéinst ze vill Bürokratie.

"Et gëtt jo och eng Etüd fir alles gemaach hei am Land. An da sinn och Instituter, déi sech do eng gëlle Nues dru verdéngen. Ech wier mol frou, wann een eng Kéier kéint feststellen, wéi vill Zäit drop geet, bei den Enseignanten awer och bei den Psychologen an den Erzéier, fir déi bürokratesch Aarbecht, déi do muss geleescht ginn."

Et misst direkt Hëllef geleescht an eng grëndlech Diagnos vum Kand, sengem Ëmfeld a senger Famill gemaach ginn, seet de Gilbert Pregno. An enger weiderer Phas misst e Plang fir d'Kand entwéckelt ginn. "Mir hunn zum Deel och eng Mehrfach Betreiung. Et ass een Iwwerkonsum u Betreiungen. Dat ass, well mir esou vill Servicer hunn. Do kennt een net méi doduerch. Déi Professionell fanne sech doranner net erëm an d'Elteren dann och net. Dacks këmmere sech siwe verschidde Persounen ëm ee Kand a seng Famill. Bis zur Volljäregkeet kennen dat 25 verschidde Persoune sinn."

Kritik u Kompetenzzenteren

Hie weist sech doriwwer erstaunt, datt ee Kand, dat een Accident huet, no zéng Minutte medezinesch betreit gëtt, Kanner mat psychesche Leide mussen dacks Wochen a Méint op eng Hëllef waarden.

De Gilbert Pregno kritiséiert d'Propos vum Educatiounsminister fir fënnef Kompetenzzenteren anzesetzen, déi Kanner mat enger Verhalensstéierung sollen empfänken.

"Ech fannen dat onmoosseg, déi Kanner sollen an deene Kompetenzzenter keng Schoul gehale kréien. Schoul ass awer ee Recht vun all Kand. Ech fannen, datt dat eng Diskriminatioun ass, wann déi Kanner do net schoulesch betreit ginn", sou de Gilbert Pregno.

"Ech hunn deen éischten Zenter opgemaach an de 90er Joren, mir hunn eis vill verrannt deemools, an haut weess ech, datt déi therapeutesch Zenteren, déi et haut gëtt, datt et ganz schwéier ass, dee richtege Wee ze fannen. Elo ginn aus der Hëft déi nei Zenteren do opgemaach. Ech weess och net, op wéi enger Basis an Erfarung eraus. Kloer ass och, datt déi professionell Ressourcen, déi mir hunn, net onerschöpfleg sinn. Dofir fannen ech dat souwuel vun der Ausriichtung, wéi vun der Ëmsetzung, bedenklech."

Generell misst et an der Gesellschaft zu engem Ëmdenke komme fir dem Kand seng richteg Plaz an der Erzéiung erëmzeginn.