Radioen

On air

Espresso Beats  |  Blaudzun - Everything Stops

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ C2DH, Geschicht am Austausch

Institut fir Zäit- an digital Geschicht

C2DH, Geschicht am Austausch

Den neie Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History soll interdisziplinär, digital, an international ausgeriicht sinn - an am Echange stoe mat der Lëtzebuerger Gesellschaft, erkläert den Direkter Andreas Fickers.

auto_stories

2 min

Den Andreas Fickers ass Direkter vum C2DH

Den Institut fir Zäit- an digital Geschicht ass aus véier Strukture geschaaft ginn: Dem Centre virtuel de la connaissance sur l'Europe (CVCE), dem Centre Robert Schuman, dem Centre de documentation et de recherche sur la Résistance“ an dem Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé. Déi nei Struktur ass bei der Uni Lëtzebuerg ugesidelt.

"Mir sinn derbäi eng nei Heemescht ze bauen", seet den Direkter vum neien Institut, den Andreas Fickers. Hie wier sech bewosst, datt et eng grouss Erausfuerderung wier, fir den Institut aus de viregte Fuerschungs- an Dokumentatiounszentren zu engem neie Ganzen ze verschmëlzen. En neie Kader, neien Inhalt an Teambuilding géifen hëllefen. D’Ambitioune vum C2DH wiere grouss, seet den Direkter. Et kéint ee mat Hëllef vun den Infrastrukture vun der Uni an duerch d’Integratioun vun der digitaler Fuerschungsstruktur vum fréiere CVCE Zäitgeschicht op engem ganz héijen Niveau bedreiwen. Geschicht kéint doduerch methodesch nei ugaange ginn.

D’Regierung huet d’Salairë vun de Mataarbechter vun de fréieren Instituter, aus deenen den neien Zentrum entstanen ass, iwwerholl. Dat entsprécht 3,8 Milliounen Euro. Am Laf vun de nächste Méint solle bis zu 70 nei Aarbechtsplazen am Institut geschaaft ginn.

Multimedial op héijem Niveau

Den C2DH ass ee vun dräi interdisziplinären Zentren op der Uni Lëtzebuerg, déi net Deel vun enger Fakultéit sinn - et sinn onofhängeg Institutioune bannent der Universitéit. D'Zesummenaarbecht mat der Fakultéit soll awer weider ausgebaut ginn, betount den Andreas Fickers. Aktuell géif een Agreement of Partnership tëscht dem historeschen Institut an dem neien Zentrum ausgeschafft ginn, mat deem ganz gezielt d’Zesummenaarbecht fir Zukunft soll regelt ginn.

Den Institut soll dem Andreas Fickers no méisproocheg funktionéieren: Fir exklusiv op Englesch ze fuerschen an ze publizéieren, dat wier ee Verloscht fir déi akademesch Fuerschung, grad am Beräich vun der europäescher Geschicht, fënnt den Historiker. Aus Vermaartungsgrënn hätt den Institut awer en engleschen Numm.

Échange mat der Gesellschaft

Lëtzebuerger Zäitgeschicht, europäesch Integratioun an digital Geschicht sinn d’Schwéierpunkte vum neien Institut. Am Beräich Lëtzebuerger Geschicht géifen d’Fuerschungsfelder awer nach definéiert ginn. Ronderëm den Zweete Weltkrich géif et nach vill ze fuersche ginn, seet den Andreas Fickers. Och d’Lëtzebuerger Mediegeschicht an d’Finanzplaz wiere potentiell Fuerschungsberäicher.

Mam Konzept "Forum Z" (Forum Zäitgeschicht) soll en ëffentlechen Debat geschaaft ginn, am Austausch mat der Lëtzebuerger Zivilgesellschaft. Am éischten Austauschforum soll et ëm d' Roll vun den Archiven an de Quelle fir d’Geschichtsfuerschung goen.