Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Khruangbin - Pon Pón

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cactus-Chef: "Mir hate kee schlecht Joer"

Commerce

Cactus-Chef: "Mir hate kee schlecht Joer"

"Mir hate kee schlecht Joer", seet de Cactus-Chef Laurent Schonckert. De Grupp hätt den Exercice 2020 mat engem positive Resultat "am niddregen zweestellege Prozentberäich" ofgeschloss. Datt an de Supermarchéen um Enn vum Joer keng net-essentiell Produkter hunn däerfe verkaaft ginn, wier eng novollzéibar politesch Decisioun, déi de Grupp och akzeptéiert huet.

auto_stories

2 min

headphones

17 min

Datt d'Restaurateuren zou waren, hätt dozou geféiert, datt d'Leit méi akaaft hätte fir doheem ze iessen. A well si net an d'Vakanz konnte fueren, hätten d'Stéit och méi grouss Budgeten zu hirer Verfügung gehat. Generell hätt een zwou Tendenzen am Akafsverhale kënne feststellen. D'Leit géifen zwar manner an d'Supermarchéë goen, mee wa si do wieren, da géife si méi akafen.

"An engem Ausmooss - mir nennen dat an eisem Jargon, de Panier moyen. Dat heescht de Caddy - dee ganz staark an d'Luucht gaangen ass, wat ech och elo ni fir méiglech gehalen hätt."

Vill Leit hätten och erëm méi Saache kaaft, déi si brauchen, fir doheem ze schaffen oder fir hiren Hobbyen nozegoen. "Dat sinn eng ganz Rei Akeef, déi net virauszegesi waren - well ebe Budgeten do waren an och näischt anescht konnt gemaach ginn", esou de Laurent Schonckert.

Keng Clientsdonnéeën a falsch Hänn geroden

Ugeschwat op d'Cyber-Attaque, mat där de Cactus Enn Abrëll konfrontéiert war, seet den Administrateur-directeur vum Grupp, datt näischt un de Rumeuren dru wier no deenen an deem Kontext sensibel Clients-Donnéeën a falsch Hänn gerode wieren.

"Dat schléissen ech ganz kloer aus. Dat war effektiv eng Tentative vun Erpressung, déi ganz kloer do war. Mee (datt dat geschitt ass) war, fir dat an där neier Sprooch ze soen, eng Fake News."