Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Gruff Rhys - Silver Lining (Lead Balloons)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Caféen a Restaurante solle sech och virun un d'Reegelen halen

Horesca

Caféen a Restaurante solle sech och virun un d'Reegelen halen

Restauranten a Caféë solle sech un déi sanitär Reegelen halen. Esou den Opruff vum Horesca-Generalsekretär François Koepp, nodeems de Weekend e puer Fäll bekannt goufen, wou d'Police Caféen huet missen zoumaachen. Et wier fir de ganze Secteur wichteg, datt et net zu engem zweete Confinement kënnt. De François Koepp gesäit de Ball awer och zum Deel bei der Regierung, fir d'Reegelen kloer ze kommunizéieren. Et wier och schwéier ze verstoen, firwat een am Privaten dierf mat e puer Honnert Leit féieren, wärend dëst am Horesca-Secteur verbueden ass.

auto_stories

2 min

Den Horesca-Generalsekretär François Koepp

De Bäitrag vum Stephan Polet lauschterenplay_arrow


Den Horesca-Generalsekretär betount och d'Responsabilitéit vun de Cafetieren. Wann d'Eegeverantwortungen awer soll de Leitprinzip sinn, da géif dëst och fir d'Clientë gëllen.

Beim Verband vun den Hoteller, Restauranten a Caféen hätt ee vill Uriff kritt vu Patronen a Privatleit, well et Onkloerheete gouf ronderëm déi sanitär Reegelen, seet de Generalsekretär vun der Horesca François Koepp. Et wier am Interêt vum ganze Secteur, datt de Virus sech net weider ausbreet. Dofir rifft de François Koepp d'Patronen aus dem Secteur op, sech un d'Reegelen ze halen. Si hätten eng Verantwortung vis-à-vis vun hirem Personal an och de Clienten. "Awer de Client huet och eng Verantwortung", esou den Horesca-President.

Wann d'Eegeverantwortung sollt den neie Leedprinzip sinn, esou de Francois Koepp, da géif dat och fir d'Clientë gëllen.

Méi héich Standarden an der Horesca wéi doheem

Dem Horesca-Generalsekretär no géif et legal och keen Ënnerscheed ginn, tëschent dem normale Betrib vun engem Café, an dem Fall, wou de Cafés-Raum fir eng privat Feier verlount gëtt.

"Et ass jo dat, wat mech sou rose mécht, datt een am Private kann zu 200 Leit eng Party feieren, ech huele mol e Beispill. Mir hunn e Restaurateur, deen huet eis ugeruff: Hei ech krut lo puer Hochzäiten ofgesot, well d'Leit déi lo doheem feieren."

Wann d'Leit sech un d'Reegelen halen, da wier et deemno wéi gesondheetlech méi sécher an e Restaurant ze goen, dee mat den néidege sanitäre Mesuren ekipéiert wier, wéi doheem ze féieren, esou de François Koepp.