Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Rome - Death From Above

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Camille Gira ass gestuerwen

Grénge Politiker

De Camille Gira ass gestuerwen

Trauer ëm de Staatssekretär am Ëmweltministère: De Camille Gira (déi gréng) ass gëschter Owend onerwaart am Alter vu 59 Joer gestuerwen. Während enger Ried an der Chamber hat hien e Malaise kritt.

auto_stories

4 min

De Camille Gira (déi gréng), Staatssekretär am Ëmweltministère, ass onerwaart am Alter vun 59 Joer gestuerwen. Dat huet de grénge Parteipresident Christian Kmiotek op Nofro hi confirméiert. De Camille Gira, Regierungsmember vun déi gréng, krut am spéiden Nomëtteg während enger Ried an der Chamber e Malaise.

Zwee Deputéiert déi berufflech Doktere sinn, hunn hien direkt op der Plaz behandelt. Hien ass trotz där rapider Interventioun géint 19:30 Auer am Spidol verstuerwen. ​

D'Chamberssëtzung vum Donneschdeg ass ofgesot.

An engem Communiqué dréckt d'Regierung dem Camille Gira senger Famill hiert Bäileed aus.

Eis géigeniwwer sot de Xavier Bettel dëst:

Lauschterenplay_arrow

Eng laang politesch Carrière

De Camille Gira war zanter 1993 offiziell Member vun deene Gréngen. Mee seng politesch Carrière fänkt mat 23 Joer un, wéi hien 1982 zu Biekerech eng éischte Kéier an de Gemengerot gewielt gouf. 30 Joer laang ass hien ëmmer erëm gewielt ginn, a vun 1990 un bis 2013 war hie Buergermeeschter.

1989 geet hien eng éischte Kéier mat an d'Chamberwahlen an dat op der selwechter Lëscht ewéi den aktuellen CSV-Deputéierte Marco Schank. Op der Lëscht "Ekologiste fir de Norden" ware Leit, déi sech fir d'Ëmwelt agesat hunn, ouni direkt un eng Partei gebonnen ze sinn.

De Camille Gira huet déi gréng zesumme gefouert

De Camille Gira, grad ewéi de Marco Schank, ware laang beim Mouvement écologique aktiv. Déi gréng politesch Zeen war deemools gespléckt. Déi zwou gréng Parteien "déi Gréng Alternativ Partei" (GAP) an "déi Gréng Lëscht Ekologesch Initiativ" (GLEI) waren zerstridden. Fir eng Zesummeféierung z'erméigleche goufen onofhängeg Perséinlechkeete gefrot fir eng Mediatioun z'assuréieren.

De Camille Gira, de Marco Schank an den Historiker Michel Pauly hunn dat deemools mat Succès gemaach. De Camille Gira hat et als Konditioun gesat fir Member ze gi vun der grénger Partei, an datt et just nach eng eenzeg soll ginn. 1994 gouf et dunn eng gemeinsam GLEI-GAP Lëscht.

Deputéierten a Staatssekretär

De Camille Gira gëtt eng éischte Kéier am Norde gewielt, an duerno ëmmer erëm gewielt. 2013 gëtt hie Staatssekretär am Nohaltegkeetsministère, wou hien d'Ëmwelt-Dossieren iwwerhëlt.

Als Deputéierten oder als Staatssekretär huet de Camille Gira sech ëmmer am Sënn vum Naturschutz duerchgesat. Hien huet sech ëm vill diskutéiert Dossiere gekëmmert, ewéi de Waasserschutz an de Waasserpräis, oder nach d'Juegd an de Verbuet vun der Fuussejuegd, a grad och d'Naturschutzgesetz, dat hien elo nach verdeedege wollt.

Vu Beruff war hie Fluchlotsen an huet sech fir besser Aarbechtskonditiounen a fir den Erhalt vun den Aarbechtsplazen agesat. Deemools war hie fir den OGBL gewerkschaftlech aktiv. De Camille Gira war bestuet a Papp vun zwee Kanner.