Radioen

On air

Notturno  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gespréicher iwwer d'Taxe d'abonnement

Fongenindustrie

Gespréicher iwwer d'Taxe d'abonnement

2016 war fir d'Fongenindustrie ee gutt Joer. 3.741 Milliarden Euro u Gesamtverméige goufen Enn d'lescht Joer hei am Land geréiert, dat ass ee Plus vu 6,7 Prozent op ee Joer gekuckt. D'ALFI huet trotzdem Suergen.

auto_stories

2 min

De Camille Thommes vun der ALFI (Foto: ALFI)

2016 war fir d'Fongenindustrie erëm ee Rekordjoer. Par Rapport zu 2015 wier awer manner "frëscht" Geld an eragefloss. "Een Trend, deen och an aneren EU-Memberlänner ze observéiert war", seet de Camille Thommes, Generaldirekter vun der ALFI, der Associatioun vun der Fongenindustrie.

Diskussioune mam Finanzminister iwwer Steiersaz

Gläichzäiteg huet d'Lëtzebuerger Fongenindustrie d'läscht Joer ronn eng Milliard Euro un Taxe d'abonnement bezuelt. Well déi Taxe eenzegaarteg ass fir déi ganz Europäesch Unioun, mécht d’ALFI sech Suergen doriwwer, datt et zu enger Maartverzerrung kéint kommen.

Aus deem Grond ass d'ALFI mam Finanzminister Pierre Gramegna am Gespréich, fir de Steiersaz op déi Fongen erofzesetzen, déi zum Beispill am Beräich Klimafinanze spezialiséiert sinn. Well d'ALFI an deem Beräich eng nei Nische wëllt opbauen, hätt eng Baisse vun der Taxe kee gréisseren Impakt op d’Steierrecetten, sou datt déi fiskal Pertë limitéiert géinge bleiwen, esou de Camille Thommes.

"Britesch Fongenhaiser brauchen d'EU"

Am Fall vun engem "haarde" Brexit, hu britesch Fongen keen direkten Zougang zum EU-Bannemaart, dofir bräicht een den Euro-Pass, deen enger ganzer Rei un Oploe gebonnen ass. "Aus deem Grond wäerte britesch Fongenhaiser een zweet Standbeen an der EU brauchen", seet de Geenraldirekter vun der ALFI.

Tëscht der Londoner City an der Lëtzebuerger Finanzplaz ginn et elo schonn enk Relatiounen. 17 Prozent vum Gesamtverméigen, deen an de Lëtzebuerger Fonge geréiert gëtt, komme vu britesche Fongenhaiser.

M&G: zweet Standbeen zu Lëtzebuerg

"D'Lëtzebuerger Fongenindustrie huet elo Opportunitéite wéinst dem geplangte Brexit", seet de Camille Thommes. An de leschte Wochen huet M&G, ee grousst britescht Fongenhaus, annoncéiert, datt se zu Lëtzebuerg een zweet Standbeen opmaachen an hei hir Aktivitéiten ausbauen. Zwee weider Kapital-Bedeelegungsfongen, Blackstone a Carlisle, hunn och ee gréisseren Interêt gewise fir hir Aktivitéiten am Grand-Duché ze relokaliséieren. Och am Assurance Secteur géif Lëtzebuerg britesch Aktivitéiten unzéien, esou nach de Camille Thommes.

De Grand-Duché hätt eng Rei Avantagen, seet de Camille Thommes, ewéi d’Finanzstabilitéit déi mam Triple A notéiert gëtt, een Ecosystem deen all d’Acteuren aus engem Beräich verbënnt. D’Lëtzebuerger Fongenindustrie wier bekannt fir déi Produkter, déi och baussent der EU kéinte vermaart ginn.