Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Camping ass net gläich Camping

Lëtzebuerg entdecken

Camping ass net gläich Camping

Zu Wallendorf-Pont, op Lëtzebuergesch, Wallenduerfer-Bréck, leeft jo bekanntlech d'Our an d'Sauer. Mee do kann een och glampen. Jo, glampen! De Claude Faber mat engem weideren Deel an eiser Summer-Serie "Lëtzebuerg entdecken" iwwer de Camping du Rivage.

auto_stories

1 min

Zanter 2016 steet d'Wuert "glamping" offiziell am Oxford English Dictionary. D'Wuert u sech ass relativ nei, mee Kinneks- an Adelshaiser si scho laang virun eiser Zäit mat hirem Haffstaat ronderëm "geglamped", an zwar mat groussen Zelter, an deene si de Luxus vun hirem Doheem mat op den Tour geholl hunn. "Glamping" setzt sech zesummen aus de Wierder Glamour a Camping, woubäi glamouréis hei och gären als luxuriéis verstane gëtt. "Glampen" heescht deemno an engem Zelt campéieren, also an der Natur sinn, mee ouni op sämtlech Bequeemlechkeeten a Komfort, wéi ee se aus engem Hotelszëmmer kennt, ze verzichten. Ass dat net e bësse paradox? Et ass jiddwerengem iwwerlooss, sech do seng eege Meenung dozou ze maachen.