Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Camping Troisvierges

Lëtzebuerg entdecken

Camping Troisvierges

Wéi hätt Dir et gär? Ulflingen, Troisvierges? Oder Ëlwen? An eiser Summer-Serie "Lëtzebuerg entdecken" kann de Claude Faber et net loossen, op sengem Tour iwwer d'Lëtzebuerger Campingen ëmmer nees an d'Geschicht vun de besichten Dierfer anzedauchen. Oder wousst Dir, datt den Numm Ëlwen eppes mat Fabelwiesen ze dinn huet?

auto_stories

3 min

1353 gëtt Ëlwe fir d'éischt an engem Dokument erwäänt, allerdéngs mam Numm Ulvelingen, dee sech vun "Ulf" ofleet, wat esou vill bedeit wéi "Elf". Net d'Zuel eelef, op Däitsch, ass domat gemengt! Mee enger al-iwwerliwwerter Seechen no soll Ëlwe vun Naturgeeschter, vun Elfe gegrënnt gi sinn. An de Suffix "ingen" weist dann nach op eng germanesche Siidlung hin, wat mat der Besiidlung vun dëser Regioun vu germanesche Franken och aliicht.

Am 17. Joerhonnert ass Ulflingen dann zu enger beléifter Pilger-Uertschaft ginn. Am Joer 1641 hunn nämlech Franziskaner do ee Klouschter opgebaut, en Uerden, deen deemools e Veréierungs-Kult vun den dräi hellege Jongfraen Fides, Spes a Caritas gefleegt huet. A well haaptsächlech Pilger aus der Wallonie dohi koumen, mat Franséisch als Mammesprooch, huet et geheescht "Nous allons aux Trois-Vierges". Dohier also de franséischen Numm vun Ëlwen.

Ëlwe war geografesch gesinn iwwer laang Zäit zimlech isoléiert. En éischten Opschwong koum eréischt um Enn vun den 1850er Joren, mam Bau vun enger Strooss vu Wolz iwwer Ëlwe bis op St. Vith. Ronn 15 Joer duerno koum d'Zuchstreck vun der Stad bis op Ëlwen dobäi. International bekannt gouf dat klengt Éisleker Dierfchen dann um Enn vum 19. Joerhonnert, wéi de Kaiser Wilhelm I. de Bau vun enger Zuchstreck vun Oochen bis op Ëlwen ordonnéiert huet, fir d'Industrie- a Kuele-Gebidder ronderëm Oochen op kierztem Wee mat der neier Stol-Héichbuerg Lëtzebuerg ze verbannen.

Mokka-Express

Déi sougenannte Vennbahn ass aus strategesche Grënn am Zweete Weltkrich vill zerbommt an duerno ni méi nees ganz sanéiert ginn. E ganz anert Geschäft huet an der Nokrichszäit dunn d'Grenzregioun markéiert, nämlech de Schmuggel, haaptsächlech vu Kaffi an Tubak, tëschent Däitschland an der Belsch. Op ville Plazen huet d'Vennbahn dowéinst - bis haut nach - de Spëtznumm Mokka-Express behalen. Am Joer 1976 ass dunn dee leschten offiziellen Zuch op dëser Streck gefuer, no an no sinn d'Schinnen op ville Plazen ofgebaut ginn.

Viru gutt zéng Joer ass d'Vennbahn - mat senge ronn 125 km - an ee Vëloswee verwandelt ginn, iwwregens ee vun de längsten a beléiftsten an Europa. An, wann Dir net equipéiert sollt sinn, direkt nieft dem Ëlwener Camping kënnt Dir Iech e Vëlo lounen.

E komplette Vakanzeresort

Den Ëlwener Camping selwer kann ee scho bal mat engem Vakanze-Ressort vergläichen. Net nëmmen datt een hei Stellplazen, nei Mobilhomer a grouss Glamping-Safarizelter loune kann, de ganze Camping läit och nach matten am Ëlwener Activity-Park mat Beachvolleyball-, Fussball-, Basketball-, Tennis- a Squashfelder, Petanque-Pisten, enger oppener an enger zouener Schwämm. Wann dat keng Offer ass!

Um Enn kommen ech dann nach op déi sëllech Wanderweeër ze schwätzen, déi vun Ëlwen aus fort ginn. Insgesamt 17 Stéck, bei deene fir all Alterskategorie an Erfahrungsgrad eppes dobäi ass. A well ech mat Geschicht ugefaangen hunn, halen ech dann och mat Geschicht nees op. Ee vun dëse Weeër nennt sech nämlech Sentier des passeurs. Hei kritt een op ville Panneauen eng ganz wichteg Episod aus der Lëtzebuerger Occupatiounszäit méi nobruecht, andeems een genee déi Weeër ofgeet, déi Lëtzebuerger an auslännesch Widerstandskämpfer, Aarbechtsverweigerer a Krichsdeserteuren um Enn vum Zweete Weltkrich gaange si fir iwwer d'Grenz bis an d'Belsch a Sécherheet bruecht ze ginn.