"Cannabis Bündnis" wëll d'nächst Joer Debat ausbreeden

D’Cannabis Bündnis wëll am neie Joer probéieren, d’Diskussioun iwwert eng Legaliséierung vum Cannabis (besonnesch fir medizinesch Zwecker) nach méi auszebreeden. Donieft wëll d’Cannabis Bündnis, eng Allianz vu Jugend-Parteien, an deem ausser d’LSAP, d’CSV an d'ADR all Partei hier Jugend-Partei dra vertrueden huet, hier gemeinsam Positioun nach méi kloer formuléieren.

D’Diskussioun wier zu Lëtzebuerg an engem Déifschlof gewiescht an et hätt een di Diskussioun rëm opliewe gelooss, esou de Michael Agostini vun de jonken Demokraten an de Jean-François Delaporte vun de jonke Lénken haut.

Bei der aktueller Regierung géing awer och kloer u Limite stoussen. De Justizminister Felix Braz hat jo annoncéiert, datt en zwar net géint eng Legaliséierung wier, eng Legaliséierung awer kloer net am Koalitiounsvertrag steet.

De Bäitrag vum David Winter:

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen