Radioen

On air

De Moien  |  Pretenders - Don't Get Me Wrong

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Cannabis-Legalisatioun mécht mir e bëssen Angscht"

LSAP

"Cannabis-Legalisatioun mécht mir e bëssen Angscht"

D'LSAP-Deputéiert Cécile Hemmen seet, déi geplangte Legalisatioun vum Cannabis géif hir "e bëssen Angscht" maachen. Si betount, si wéilt sech fir d'Preventioun vum Drogemëssbrauch asetzen.

auto_stories

3 min

D'LSAP-Deputéiert Cécile Hemmen seet, déi geplangte Legalisatioun vum Cannabis géif hir "e bëssen Angscht" maachen. Hir Partei, d'LSAP, wëllt Cannabis awer legaliséieren.

"Ben, ech mengen et ass e gesellschaftlecht Theema. Et gehéiert dozou, datt mer an déi Richtung wäerte goen, musse goen. Mee ganz enk dorunner ugeknäppt ass awer d'Preventioun, déi domat Hand an Hand geet."

D'Cécile Hemmen betount, si wéilt sech an der Chamber dofir asetzen, datt zu Lëtzebuerg vill Wäert op d'Preventioun vum Drogemëssbrauch geluecht gëtt.

"Ech war net méi spéit wéi gëschter Owend op der Presentatioun vun engem Professer, dee gesot huet, datt ee Joer no der Legalisatioun am Kanada munches vläicht net esou gelaf ass, wei si sech et virgestallt hunn. Mee als Recommandatioun huet hien eis mat op de Wee ginn, datt mer absolutt d'Preventioun mussen an de Virdergrond setzen."

Jonker an der LSAP

D'Jonk Sozialiste maachen sech Suergen iwwer d'Zukunft vun hirer Partei: hire President sot dem Tageblatt viru Kuerzem, wann d'LSAP esou géif virumaache wéi bis elo, da géifen et an 20 bis 30 Joer guer keng Jonker méi an der Partei ginn.

Dat gesäit awer net jiddwereen an der LSAP esou. D'Cécile Hemmen mécht sech "eigentlech keng Suergen" ëm d'Zukunft vun der LSAP. Als Bezierkspresidentin vum Zentrum géif si an d'Sektiounen erakucken, "an do gesinn ech, wéi wibbeleg eis jonk Leit sinn, wéi vill Loscht datt si hu fir un der Politik matzegestalten, matzeschwätzen, mat drun ze denken iwwerhaapt déi Partei ze entwéckelen."

Matsproocherecht fir déi Jonk

D'LSAP wier op engem gudde Wee, a si géif sech dowéinst keng Suerge maachen, seet d'Cécile Hemmen. Déi Jonk sollten e Matsproocherecht hunn an dofir hätt si all Sektioun opgeruff ee Representant an de Comité ze schécken, "fir ebe just dee Lien ze hu mat de Sektiounen."

Datt déi Jonk an der LSAP awer Poids hätten, ënnersträicht d'Cécile Hemmen mam Fait, datt den 1. Mäerz den ëffentlechen Transport gratis gëtt. Dat wier 2004 schonn eng Revendicatioun vun de Jusoe gewiescht.

D'Cécile Hemmen ass net averstane mat der Kritik, datt Jonker an hirer Partei net genuch géife gefërdert ginn. An der LSAP wiere vill Jonker engagéiert, an dat wier och gutt esou. Dat géif awer net bedeiten, datt méi al Politiker fir si misste Plaz maachen:

"Et muss ee bedenken, datt d'Politik e Spigelbild vun der Gesellschaft ass. A wa mer elo "Plaz maachen" an och soss aner Terminologië gebrauchen, da muss ee wëssen, datt eng Chamber zum Beispill och e Spigelbild vun enger Gesellschaft soll sinn. An do gehéieren och Leit vun all Alter hin. Datt déi jonk Leit wibbeleg sinn, fir séier e Posten ze kréien, dat ass absolutt verständlech. Dat hutt der an all Beruff, dat hutt der an all Beruffsspart, dat hutt der iwwerall. Mee och do ginn et Etappen, déi ee soll maachen."

D'LSAP wier eng Partei, déi dofir bekannt wier, datt se diskutéiere géif, seet d'Cécile Hemmen. "Mir sinn eng Partei, déi och mol e bësse méi hefteg un d'Saach erugeet. Mir sinn eng Partei, wou gäre geschriwwe gëtt", an dat wier och gutt esou.

D'Cécile Hemmen ass viru Kuerzem fir de Franz Fayot an d'Parlament nogeréckelt.