Radioen

On air

De Weekend  |  East Coast Love Affair - Date With The Rain Feat. Peter Hunningale & L. Ross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cannabis-Legaliséierung: Dräi Parteie si sech eens

Koalitiounsverhandlungen

Cannabis-Legaliséierung: Dräi Parteie si sech eens

D'Legaliséierung vu Cannabis dierft an de Koalitiounsaccord stoe kommen. Dës geplangte Legaliséierung ass eisen Informatiounen no e Bestanddeel vum Rapport vum Aarbechtsgrupp "Santé". Den Text mat Propose gouf an de leschten Deeg ofgeschloss. Muer oder en Donneschdeg soll e bei de Koalitiounsverhandlungen an der Plenières-Reunioun ofgeseent ginn.

auto_stories

2 min

DP, LSAP an déi gréng si sech eens, um Punkt vun der Legaliséierung vu Cannabis, heescht et. Dës Legaliséierung wier awer keng "schrecklech Prioritéit", war vun engem Member vum zoustännegen Aarbechtsgrupp gewuer ze ginn. Et wéilt een dat "ganz sachte ugoen". D'Detailer géifen nach ze kläre bleiwen.

Een Zäitplang, wéini de Cannabis-Verkaf a Konsum hei am Land soll legal ginn, géif et net ginn. Bei esou engem Schrack géif et kee Sënn maache fir mat Delaien ze schaffen, esou d'Präzisioun aus dem Aarbechtsgrupp, dee sech ënner anerem mat Gesondheetsfroe beschäftegt huet.

D'DP hat sech virun de Wahle fir d'Méiglechkeet ausgeschwat, fir een allgemengen, staatlech kontrolléierte Verkaf vu Cannabis un Erwuessener. Ähnlech hat d'LSAP et formuléiert: hei goung rieds vun engem Cannabisverkaf a Konsum fir rekreativ Zwecker fir Persoune vun 18 Joer un. D'Sozialiste wollten d'Bierger donieft op d'Risiken an d'Gefore vun dësem Konsum opmierksam maachen. Och déi gréng hate sech an hirem Wahlprogramm fir eng Legaliséierung vu Cannabis ënner strenge Konditiounen ausgeschwat. Den Ubau, den Import an den Export grad wéi de lokalen Handel missten ënner staatlecher Opsiicht geschéien. Den Zougank zu Cannabis wier exklusiv fir erwuesse Bierger, esou och déi gréng an hirem Programm fir d'Chamberwahlen 2018. Ziler dovu wieren ënner anerem en Entkriminaliséiere vun de Konsumenten an en Ausdréchne vum Schwaarzmaart.

Den Asaz vu Cannabis fir medezinesch Zwecker ass zanter dësem Summer schonn hei am Land erlaabt: mat enger Testphas vun zwee Joer.


De Panorama-Bäitrag vum Serge Kesseler vun 12 Auer:

Lauschterenplay_arrow