Cargolux: Accord mat HNCA gëtt ëm den 22. Abrëll ënnerschriwen

De 25. Abrëll ass den éischte Cargolux-Vol Richtung Zengzhou. 3 Deeg virdu wärt den Accord mam chineseschen Investisseur HNCA definitiv ofgeschloss ginn, esou op Nofro den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch. Den 23. Abrëll gëtt d’Chamberkommissioun iwwert den Ofschloss vum Accord informéiert.

Op Nofro hin huet eis e Spriecher vum EU-Transportkommissär Siim Kallas confirméiert, datt aktuell d’EU-Kommissioun den Deal mat HNCA iwwerpréift. Dat am Kader vu Routineprozeduren, déi dem europäesche Recht no virgesi sinn, wa Parten u net-europäesch Aktionären verkaf ginn. Dem François Bausch no huet déi Kontroll keen Impakt op den Ofschloss vum Accord tëscht HNCA a Cargolux.

Den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch um Mikro vum Mick Entringer:

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/2014-04-08-me-Interview-François-Bausch-Cargolux.mp3"]

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen