Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Caritas fuerdert besser Prise en charge vu mannerjärege Flüchtlingen

Situatioun misst sech verbesseren

Caritas fuerdert besser Prise en charge vu mannerjärege Flüchtlingen

Fir d'Prise en charge vu mannerjärege Flüchtlingen hei am Land ze verbesseren, fuerdert d'Caritas eng méi enk Zesummenaarbecht mam Office National de l'Enfance. Weider kéinten net nëmmen de Familljeministère, mee och de Logement an d'Santé dozou bäidroen, datt d'Situatioun an de Strukture besser gëtt, betount d'Carole Reckinger vun der Caritas.



auto_stories

3 min

D'Caritas fuerdert eng zentral Ulafstell, déi all d'Rechter vun de jonke Flüchtlinge consideréiert. Wichteg wier och eng besser Kooperatioun tëschent de verschiddene Ministèren.

ONE misst fir d'Prise en charge zoustänneg sinn

Weider fuerdert d'Caritas, datt den Office National de l'Enfance (ONE) fir d'Prise en Charge vu mannerjärege Flüchtlinge muss zoustänneg sinn. Esou géif ee vermeiden, datt jonk Flüchtlingen, wa si 18 Joer al ginn, "an d'kaalt Waasser gehäit ginn" wa si vun engem System an en anere versat ginn, seet d'Carole Reckinger vun der Caritas.

Et wier net einfach, erkläert déi Responsabel fir d'politesch Aarbecht bei der Caritas weider, vun enger Struktur mat 24-Stonnen Encadrement an eng aner Struktur ze kommen, wou een d'Zëmmer mat zéng anere Leit deelt a wou alles anescht wier.

An deem Kontext fuerdert d'Caritas, datt Programmer a Projeten op d'Been gesat ginn, fir de Flüchtlingen tëschent 18 a 27 Joer ënner d'Äerm ze gräifen, grad esou ewéi dat fir al aner Persounen an deem Alter zu Lëtzebuerg de Fall wier.

Begleedung bei éischter Immigratioun-Visitt wichteg

Momentan hätt eng jonk Persoun, déi eleng zu Lëtzebuerg ukënnt, bal keen anere Choix, ewéi eng Demande de Protection Internationale ze stellen. Wann dat net gemaach gëtt, kéinten net all hir Rechter als Kand respektéiert ginn - vill Jonker kennen hir Rechter awer net.

Der Carole Reckinger no wier et wichteg, datt déi mannerjäreg Flüchtlinge bei hirer éischter Visitt vun der Immigratioun net eleng sinn.

Si misste vun engem Administrateur Ad Hoc; spréch engem Affekot, an engem Administrateur public, ewéi zum Beispill der Caritas, begleet ginn.

Spezifesche Statut misst agefouert ginn

De Generaldirekter vun der Caritas Marc Crochet huet och nach betount, wéi wichteg et ass, d'Wuel vun de Kanner an de Mëttelpunkt ze stellen.

D'Gesetzesgebung zu Lëtzebuerg wéilt, datt de Kanner hir Rechter fir d'éischt gekuckt ginn an datt sech duerno ëm de Flüchtlingsstatut gekëmmert gëtt. Fir d'Caritas wier et also ganz kloer:

"Een dee kloer mannerjäreg ass, oder deen als mannerjäreg gëlle muss, well säin Alter nach net gekläert ass, muss als Mannerjäregen hei zu Lëtzebuerg och aklasséiert ginn. An e muss ënner d'Obhut vun der Education nationale a vun deene Mechanismen déi et do ebe gëtt, fir datt Kanner kënne gehollef kréien, kommen."

Esou misst ee spezifesche Statut fir déi onbegleete Mannerjäregen agefouert ginn, fir hir Rechter ze assuréieren.

Esou vill Normalitéit schafen, ewéi méiglech

Der Presidentin vun der Caritas Marie-Josée Jacobs läit och nach d'Integratioun vun de geflüchte Kanner besonnesch um Häerzen. Si solle behandelt, ginn wéi och all aner Kanner hei am Land:

"Et soll ee jo awer och probéieren, awer esou vill Normalitéit, lëtzebuergesch Normalitéit, an hirt Liewen ze bréngen, wéi et nëmme méiglech ass. Well soss komme si herno och op ee Mol net méi aus. Dann hu si hei eng Extrawurscht an do eppes Extraes, awer dat alles klappt dann net méi mat deem normale Liewen hei am Land zesummen."

Zanter dem Ufank vum Joer geet d'Zuel vun de Mineure staark erop, esou nach d'Caritas. Fir der Demande entgéint ze wierken, huet d'Caritas rezent een eegenen neien Foyer zu Léifreg opgemaach.