Elo ass den Drock méi héich hei op der COP26. D'Ëmweltministere sinn hei, si sollen elo ënner sech den Akkord negociéieren, dee weise wäert ob dës Klimakonferenz e positiven Androck hannerloosse wäert.
Bis e Freiden hunn déi bal 200 Länner zu Glasgow Zäit fir en Akkord ze fannen deen op d'Zil zousteiert fir d'Äerderwiermung op 1,5 Grad ze limitéieren.
"E bësse Verspéidung"
Ganz komplex Verhandlunge sti virun deenen nämmlechte Stolperstee wéi och op anere Klima-Sommeten. Déi grouss Industrielänner wëllen ze spéit klimaneutral ginn. Déi räichst Länner packen et net déi versprachent 100 Milliarden Dollar am Joer u méi aarm Länner ofzeginn. Dat géif een mat "e bësse Verspéidung erreechen", esou d'Lëtzebuergesch Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.
Dat kënnt zum Beispill net gutt u bei den Insel-Staaten am Pazifik, oder och an Afrika, e Kontinent deen hei als Bloc negociéiert.
Verschidde Länner weise manner Ambitiounen
Länner déi op anere Klima-Konferenzen och scho manner Ambitioun gewisen hunn, negociéieren zwar hei mat, mee kéinten enger Deklaratioun, déi der Welt Hoffnung gëtt am Wee stoen.
Et denkt een do u Russland, China, an d'Land wat am meeschten opkënnt ass Saudi-Arabien. Dat wier en Trend, dee si och schonn op de viregte Klimakonferenze gesi konnt, esou d'Carole Dieschbourg: Länner, déi versichen al Dossieren opzemaachen. Elo misst een op Ministerniveau kloer negociéieren, och wann dat "net sou einfach" wier.
Einfach ass et ni, a vill vun dësen UN-Klimakonferenzen hunn an der Vergaangenheet misse verlängert gi fir bal 200 Länner iergendwéi op e gréngen Zweig ze bréngen. Déi Méiglechkeet besteet hei zu Glasgow och.