Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "40%-Fraequot scho fir d'Gemengewalen"

Femmes socialistes

"40%-Fraequot scho fir d'Gemengewalen"

D’Femmes socialistes wéilte fir d'Gemengewalen d'nächst Joer eng Quoteregelung mat op mannst 40% Fraen op de Kandidatelëschten, sou hir rëmgewielte Presidentin Cátia Gonçalves am 100,7-Interview. D’Ännerung vum Parteiefinanzéierungsgesetz gesäit finanziell Sanktioune vir, falls net genuch Fraen op de Lëschte sinn. Fir d'Gemengewalen ass allerdéngs keng obligatoresch Quot virgesinn, wëll et do keng staatlech Ënnerstëtzung gëtt.

Carole Schimmer, md

auto_stories

3 min

Cátia Gonçalves

D’Presidentin vun de sozialistesche Fraen, d'Cátia Gonçalves ass grad ewéi de Staatsrot der Meenung, datt ee bei där Reform méi wäit hätt kënne goen. De Staatsrot huet a sengem Avis notéiert, datt een zum Beispill eng Kandidatelëscht hätt kënne refuséiere wa géint d’Quoteregelung verstouss gëtt. "D’Land ass net prett fir de Panachagesystem opzeginn. Dee System ass an der politescher Landschaft fest verankert", sou d'Cátia Gonçalves. De Wee an d’Chamber wier doduerch holpereg, wëll et éischter drëms géif goe bekannt ze ginn amplaz politesch Aarbecht ze leeschten. Fir déi sozialistesch Politikerin éischter ee Problem. De Staatsrot hätt a sengem Avis betount, datt een eventuell dee ganze Walsystem misst a Fro stellen.

"Et gëtt Zäit, datt d'LSAP erëm vun enger Fra presidéiert gëtt"

D’LSAP gouf bis elo just eng Kéier vun enger Fra presidéiert, dat war d’Lydie Schmit an de 1970er Joeren. Et wier nees un der Zäit, eng Fra un der Spëtzt vun der Partei ze hunn. "Ech denken, datt mer dat an de fënnef bis zéng nächste Joere kënnen erreechen", sou d'Cátia Gonçalves. "Mee eigentlech misste mer als progressistesch Partei scho méi Fraen un der Spëtzt hunn. Och an der sozialistescher Partei hu mer nach eng konservativ Mentalitéit". Ee gudde Modell wier dee vun enger duebeler Presidence, wéi déi Gréng dat festgehalen hunn.

Fir eng individualiséiert Besteierung, mee net wéi d'Regierung se virgesäit

Eng individualiséiert Besteierung wier ee gudde Modell, mee net wéi d’Regierung dat elo proposéiert huet. D’Femmes socialistes sinn der Meenung, datt eng komplett Individualiséierung néideg ass. D’Regierung géif just proposéieren, datt d’Stéit je no Situatioun selwer kënnen entscheeden ob se gemeinsam besteiert ginn oder eenzel.

Do bräicht een ee Paradigmewiessel, fënnt d'Cátia Gonçalves. De Steiersystem misst un d'Realitéit an der Gesellschaft ugepasst ginn. Donieft bräicht een eng Individualiséierung vun de Sozialrechter mat obligatoresche Cotisatiounen an d’Pensiounskees fir ze verhënneren, datt am Fall vun enger Scheedung deen ee Partner kee Recht op eng Pensioun huet.