Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den onstabille Wiessel?

Nei Regierung a Portugal

Den onstabille Wiessel?

Portugal huet eng nei Regierung, déi gläichzäiteg eng Premiere ass: d'Sozialiste vum Antonio Costa bilden eng minoritär Regierung déi vu Gréngen, Kommunisten a Lénken ënnerstëtzt gëtt. Experte ginn dovun aus, datt dës Regierung keng ganz Legislaturperiod wäert halen. D'Isabel Wiseler-Lima gleeft och net un déi nei Konstellatioun, d'Cátia Gonçalves seet, 50% vun de Wieler hätten de Wiessel gewollt.

auto_stories

4 min

Cátia Gonçalves (LSAP) an Isabel Wiseler-Lima (CSV)

No Griicheland, kritt och elo Portugal eng lénksgeriichte Regierung. De neie sozialistesche Premier Antonio Costa (PS), wëll verschidde Spuermoossname vun der viireschter Regierung réckgängeg maachen: de Mindestloun soll erëm eropgesat ginn, d'Kierzunge bei de Sozialtransfere sollen ofgeschaaft ginn, gestrache Congésdeeg solle rëm agefouert ginn. Kuerz: et soll Schluss si mat der Austeritéit. 

Allerdéngs steet déi nei Regierung net op stabille Féiss. Et ass eng minoritär Regierung, déi aus dem Parlament vun de Kommunisten, de Gréngen an der Gauche (BE) ënnerstëtzt gëtt. Mee: d'Kommunisten zum Beispill hu während dem Wahlkampf fir en Austrëtt aus dem Euro an der NATO plaidéiert, déi aner Parteie fueren hirersäits eng pro-europäesch Linn.

"50% vun de Wieler wollten e Wiessel"

D'Isabel Wiseler-Lima, CSV-Member vum Stater Gemengerot, déi portugisesch Originen huet, ass der Meenung datt d'Wieler a Portugal souwisou net fir dës Zesummesetzung gestëmmt hunn, mee fir déi al Regierung, déi aus der liberal-konservativer PSD an der konservativer CDS bestan huet. Dat portugisescht Volléck wéilt zwar Ännerunge – vill Portugisen hunn ënnert der Austeritéit gelidden – mee dat géif awer net heeschen, datt si fir de Wiessel gestëmmt hätten. "Déi virrecht Regierung huet déi Wahle gewonnen, si hu just d'absolut Majoritéit verluer", seet d'Politikerin. D'Isabelle Wiseler seet och, Portugal géif lo rëm op zolitte Been stoen, d'Wirtschaft wiisst rëm, de Chômage ass erofgaang.  

D'Resultater vun de Wahlen vum 4. Oktober

  • Partido Socialista (PS): 32,31% 
  • Bündnis Centro Democrático e Social – Partido Popular/Partido Social Democrata (CDS-PP-PSD): 38,50% 
  • Coligação Democrática Unitária (CDU): 8,25% (Bündnis Kommunisten a Gréng)
  • Bloco de Esquerda (BE): 10,19% 
  • Pessoas - Animais - Natureza: 1,39%
  • Aner Parteien: 5,96%

D'Cátia Gonçalves, Presidentin vun de Femmes socialistes a Member vum Gemengerot vu Péiteng, mengt hirersäits: "Méi wéi 50% vun de Wieler wollten aner Parteie wéi déi, déi virdrun an der Regierung waren". Si mengt och: "D'Portugise kënnen et nëmme begréisse wann déi Mesuren ëmgesat ginn, déi ugekënnegt goufen", seet hirersäits. Si weist drop hinn datt den Antonio Costa sech engagéiert huet, fir all déi europäesch Verflichtungen anzehalen. 

"D'Diktatur huet hir Spuren hannerlooss"

D'Isabel Wiseler-Lima gleeft net drun, datt déi nei Regierung – déi aus "radikalen" Kräfte géif bestoe géif – wäert stabil bleiwen. Si bedauert et, datt keng grouss Koalitioun zustan komm ass, och ënnert de portugisesche Sozialiste wiere Politiker déi sech dat gewënscht hätten. An alleng d'Noriicht wéineg Parteien lo um Rudder wieren, hätt déi Lissabonner Bourse no ënne beweegt. 

Am Virfeld waren d'Wahlen a Portugal kee grousst Thema zu Lëtzebuerg – obwuel déi portugisesch Communautéit déi gréissten net-lëtzebuergesch Communautéit am Land ass. Dat géif och doru leien, datt d'Participatioun bei de Wahlen a Portugal meeschtens relativ niddreg ass. "D'Diktatur huet hir Spuren hannerlooss", seet d'Isabelle Wiseler-Lima. "Déi meescht Leit kennen déi Kultur vun der politescher Participatioun net", stemmt d'Cátia Gonçalves zou. Hirer Meenung no diskutéieren d'Leit zwar gär iwwer Politik, awer net ëffentlech.