Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Noruff un de Sylvain Luc - Paul Jackson - Taylor Eigsti

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CDU verléiert, Ampel gewënnt - Ausbléck Wahljoer 2021

Landtagswahlen RLP a BaWü

CDU verléiert, Ampel gewënnt - Ausbléck Wahljoer 2021

Bei de Landtagswalen a Rheinland-Pfalz an a Baden-Württemberg huet déi däitsch CDU historesch Néierlage kasséiert. Déi grouss Iwwerraschunge sinn awer ausbliwwen. A Rheinland-Pfalz huet d'SPD sech als stäerkste Kraaft behaapt, a Baden-Württemberg dierften déi Gréng och fir eng drëtte Kéier hannerteneen de Regierungschef stellen. Detailer vun eisem Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.

auto_stories

2 min

Déi zwou Landtagswale vu gëschter sinn also fir déi konservativ CDU zu deem Debakel ginn, dee gefaart gi war. Wéinst de Korruptiounsaffären am Bundestag, mee och wéinst der schwaacher Regierungsaarbecht zu Berlin a Saache Corona-Impfungen huet d'Partei an de leschte Wochen de Buedem ënnert de Féiss verluer - d'Resultater a Rheinland-Pfalz an a Baden-Württemberg confirméieren deen Trend.

Ronn 26 Prozent vun de Stemmen an der Pfalz, nëmmen knapps 23 Prozent a Baden-Württemberg - zwee historesch schlecht Walresultater fir déi gréisst Partei am Land. Virun allem kommen a béide Bundeslänner elo Koalitiounen ouni eng Bedeelegung vun der CDU op eng Majoritéit - et kéint e Virgeschmaach sinn fir dat, wat bei der Bundestagswahl am Hierscht op d'Unioun duerkënnt.

SPD an déi Gréng si Walgewënner

Elo awer mol zu de Gewënner: D'SPD em d'Ministerpresidentin Malu Dreyer hu sech am Verglach zu 2016 stabil op knapps 36 Prozent vun de Wielerstëmme gehalen - d'Ampelkoalitioun aus Sozialdemokraten, Gréngen a Liberalen hätt elo eng stabil Majoritéit. Wann d'Walresultat amtlech ass, kéint et, wann och knapps, souguer fir eng Rout-Gréng Koalitioun duergoen.

Och am Südweste vum Land huet d'Regierungspartei sech duerchgesat: déi Gréng ëm de Winfried Kretschmann hu sech op 32 Prozent vun de Stëmme verbessert an ass elo däitlech déi stäerkste Fraktioun. Och a Baden-Württemberg hätt d'Ampelkoalitioun eng Majoritéit - déi gréng Walgewënner hunn also d'Wiel, mat wiem se eng Regierung wëlle bilden.

Et ginn nees Majoritéiten ouni d'CDU

Nieft der CDU ass awer och d'AfD grousse Verléierer vun de Landtagswalen. No Verloschter vun 4 respektiv 5 Prozent vun de Stëmme bleiwen d'Rietspopulisten zwar a béide Parlamenter vertrueden - se kruten awer d'Rechnung fir e Pandemie-Joer, an deem se op kengem politeschen Niveau iergendwéi konnten an Erscheinung trieden - an domat hir feelend inhaltlech Proposen oppe geluecht goufen.

Déi éischt grouss Walnuecht 2021 weist also, wou et an Däitschland am Hibléck op d'Bundestagswal am Hierscht kann higoen: et ginn nees Majoritéiten ouni d'CDU.