Radioen

On air

Grousse Kino  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CES: "Frontaliere sinn e vitalen Aspekt fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft"

Frontalieren - Situatioun haut a muer

CES: "Frontaliere sinn e vitalen Aspekt fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft"

D'Frontaliere sinn een "absolut vitalen" Aspekt vun der Wirtschaft hei am Land, seet de Wirtschafts- a Sozialrot. Den CES huet awer d'Gefill, datt d'Lëtzebuerger sech däers net esou bewosst wieren an huet sech dofir, a sengem rezenten Avis, méi am Detail mat der grenziwwerschreidender Aarbecht befaasst.

auto_stories

4 min

Ronn 43 Prozent vun den Aarbechtskräften hei am Land sinn den Ament Frontalieren. Am Verglach: 1960 waren et knapp dräi Prozent. Ouni d'Frontaliere géif et kee Wirtschaftswuesstum hei am Land ginn, seet de President vum Wirtschafts- a Sozialrot. "Et gëtt ganz däitlech eng Korrelatioun tëschent eise Wuesstumschifferen, tëschent eisem PIB op der enger Säit an de Chiffere vun de Frontalieren anerersäits", sou de Jean-Jacques Rommes.

Mee d'Lëtzebuerger géife senger Meenung no Frontalieren haaptsächlech mat Stau verbannen. De wirtschaftleche Räichtum géif awer zu engem net onwesentlechen Deel vu Frontalieren geschafe ginn. "Dat heescht, wien de Stau vun haut op muer wëllt ofschafen, dee ka sech de Lëtzebuerger Räichtum och ofschminken. An engem Coup mat de Frontalieren."

Den ekonomesche Wuelstand vun de Grenzregioune géif ëmgedréit och staark vun der Entwécklung zu Lëtzebuerg ofhänken. An zéng Joer kéint de Prozentsaz vu Frontalieren hei am Land iwwerdeems - jee no Zenario - ënnerschiddlech staark klammen, sou eng Previsioun vum Statec.

"An den nächsten zéng Joer hu mir an deem schwaachste Zenario 50.000 Frontaliere méi wéi haut. Also (am Ganzen) 253.000. An deem stäerkste Zenario hu mir der 282.000, also 80.000 Frontaliere méi wéi haut. Dat heescht 54 Prozent méi wéi haut."

"Politesch Representatioun ass net ginn"

Iwwer déi nächst 30 Joer géif, Previsiounen no, de Prozentsaz vun der aktiver Populatioun an der Wallonie awer zum Beispill stagnéieren an am Saarland, Rheinland-Pfalz an an der Lorraine ofhuelen. Et géif dofir an Zukunft schwiereg gi fir Lëtzebuerg fir Main d'oeuvre op Lëtzebuerg ze kréien.

De Jean-Jacques Rommes schwätzt vun enger "reegelrechter Asphyxie", well een net méi déi néideg Profiller fënnt, se net op Lëtzebuerg géif transportéiert kréien, oder se net op Lëtzebuerg kënne wunne kommen. "Et gëtt ëmmer méi e Problem fir dat ganzt Rad dréien ze loossen, vun deem mir awer alleguerte profitéieren."

Eng weider Erausfuerderung wier d'sozial Kohesioun. An der veraarbechtender Industrie hätten d'lescht Joer zum Beispill ronn 66 Prozent Frontaliere geschafft, an ëffentleche Verwaltungen awer nëmme ronn fënnef Prozent, esou Chiffere vun der Inspection générale de la Sécurité Sociale. D'Frontaliere sinn deemno ënnerschiddlech a verschiddene Secteure vertrueden. De Jean-Jacques Rommes freet sech, ob dat normal ass a firwat dat esou ass. Et géif och e generelle Problem vu politescher Representatioun ginn "ausser an de Beruffskammeren".

CES plädéiert fir eng méi enk Zesummenaarbecht tëschent Lëtzebuerg, Frankräich, Däitschland an der Belsch

Déi ongläich sektoriell Representatioun vu Residenten a Frontaliere misst bei de politesche Responsabelen e besonnescht Bewosstsinn ervirruffen, fir eng ze grouss "artifiziell Segregatioun" tëschent Residenten, spréch Lëtzebuerger, a Frontalieren ze evitéieren, sou de Jean-Jacques Rommes, dee sech an där Fro fir eng déifgrënneg Etüd zum Theema ausschwätzt.

Eng weider Erausfuerderung wier déi territorial Kohesioun. Lëtzebuerg géif sech zu enger Metropol entwéckelen an aus der "Aura" ronderëm Leit unzéien.

"An an der Mëtt, am Zentrum, schaaft se extreme Wäert an dréckt dacks d'Leit eraus, well si sech et net méi leeschte kënnen. An da muss de si transportéieren. All déi Phenomeener si relativ üblech. Just datt mir eng Grenz hunn, déi duerch d'Aura leeft."

Dat géif d'Groussregioun mat organisatoresche Problemer konfrontéieren, well Lëtzebuerg e souveräne Staat wier, wougéint déi aner Regiounen a punkto Organisatioun op engem aneren Niveau wieren. "De federale System an der Belsch an deen an Däitschland si ganz verschidden. Frankräich ass nees eng Kéier ganz aneschtes organiséiert. Dat heescht, fir do Interlocuteuren ze fannen, déi an deene véier betraffene Länner matenee kënnen agéieren, ass net esou einfach", sou de President vum Wirtschafts- a Sozialrot.

Den CES lancéiert dofir een Appell fir méi Zesummenaarbecht tëschent de betraffenen Acteuren - ënner anerem am Beräich vum Aarbechtsrecht - a fir méi Koherenz an der Unerkennung vun de Formatiounen an den Diplomer bannen der Groussregioun.