Radioen

On air

De Moien  |  EU-Naturschutz-Gesetz nach ëmmer net sprochräif

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CFL-Zuch war ze séier, Sécherheetssystem huet versot

Tëscherapport Zuchaccident

CFL-Zuch war ze séier, Sécherheetssystem huet versot

Zwee Haaptfacteuren hunn zum Zuch-Accident de 14. Februar d'lescht Joer zu Diddeleng gefouert. Den CFL-Maschinist war ze séier an de Sécherheetssystem huet keng Noutbremsung ausgeléist. Dat steet am Tëscherapport vun der Administration des enquêtes techniques.

auto_stories

3 min

De Maschinist aus dem CFL-Persounenzuch war ze séier ënnerwee. De Sécherheetssystem MEMOR II+ huet keng Noutbremsung vum Lëtzebuerger Zuch ausgeléist. Dysfonctionnementer un dëser Installatioun hätten et zënter Ufank 2017 e puer Mol ginn, heescht et am Rapport.

Viru gutt engem Joer, de 14. Februar 2017 waren een CFL-Persounenzuch an e franséische Gidderzuch zu Diddeleng kollidéiert. De Maschinist aus dem Lëtzebuerger Zuch war direkt dout. D'Zuch-Begleederin aus dësem Zuch an de Maschinist aus dem franséischen Zuch ware liicht, respektiv schwéier blesséiert ginn. Donieft gouf et grousse materielle Schued.

Duebel Ursaach fir Accident

Dysfonctionnementer um Sécherheetssystem MEMOR II+ hätten et zënter Ufank 2017 a bis Mëtt Februar e puer Mol ginn, huet d'Administration des enquêtes techniques an hirem Tëscherapport festgestallt. Dat um Niveau vun der Infrastruktur, op der Héicht vum Vir-Signal 1.590 Meter virun der Kollisioun. Um Enregistreur am accidentéierte Persounenzuch gouf et vun dëser Positioun keng Impuls-Informatioun vum Sécherheetssystem.

Beim Passage vum Vir-Signal hat den CFL-Maschinist seng Vitess vun 123 Kilometer an der Stonn net reduzéiert. 800 Meter duerno hätt säin Zuch nëmme méi mat 60 Kilometer an der Stonn dierften ënnerwee sinn.

Trotz der ze héijer Vitesse vum CFL-Zuch, hat de MEMOR II+-System keng Noutbremsung vum Zuch declenchéiert.

Beim Haaptsignal ronn 370 Meter virum Accident war de Persounenzuch mat 131 Kilometer an der Stonn ënnerwee. Kuerz virum Signal hätt de Maschinist nach selwer gebremst. Bis zum Moment vum Impakt war den Zuch nach mat enger Vitess vu 85 Kilometer an der Stonn gefuer.

Nom Accident vum 14. Februar 2017 goufen eng Partie Mesurë vun deene verschiddenen Acteuren, dorënner d'CFL an d'SNCF, geholl, fir weider Accidenter z'evitéieren. Am Abrëll an am Mee d'lescht Joer goufen et éischt Recommandatioune vun der Verwaltung.

Dat eenzegt Zil vun der Sécherheetsenquête wier et, fir zukünfteg Accidenter ze verhënneren, heescht et am Tëscherapport vun haut.

D'Verwaltung warnt viru falschen Interpretatiounen, am Fall, datt de Rapport net fir präventiv Zwecker géif gebraucht ginn.

D'Sécherheetsenquête ass nach net ofgeschloss. Wéini den definitive Rapport wäert erauskommen, wier nach net gewosst, huet d'Verwaltung aus dem Nohaltegkeets- an Infrastrukturminstère dem radio 100,7 matgedeelt.

Juristesch Enquête och nach net ofgeschloss

Och déi juristesch Enquête wéinst dem Zuchaccident vum 14. Februar 2017 zu Diddeleng ass nach net ofgeschloss, mä si wier scho scho wäit avancéiert. Dat huet de Parquet haut matgedeelt.

Den Tëscherapport vun der Administration des enquêtes techniques géif déi Elementer confirméieren, déi ënnert anerem schonn am Rapport d'expertise préliminaire vum 21. Mäerz 2017 stoungen. Dat heescht, datt verschidde Facteuren zum Accident gefouert hunn, esou de Parquet.

Déi juristesch Enquête soll erausfannen, firwat et een Défaut technique beim Sécherheetssystem gouf. Donieft soll determinéiert ginn, ob de Maschinist vum CFL-Zuch de Moment vum Accident eventuell mat sengem private GSM telefonéiert huet.

Zu dësem Moment vun der juristescher Instruktioun wier et ze fréi, fir een Datum ze nennen, wéini déi definitiv Conclusioune kënne presentéiert ginn, schreift de Parquet.

Lauschterenplay_arrow