Betraffe Reesender musse mat Zuch a Bus op Diddenuewe fueren. D’Regionalzich TER ginn zum Deel duerch Lëtzebuerger Zich oder Busser ersat.
Déi franséisch Gewerkschaft CFDT hat d‘lescht Woch matgedeelt, et géife keng franséisch Chauffere méi um Lëtzebuerger Territoire fueren, bis d‘Ursaache vum Zuchaccident vum 14. Februar zu Diddeleng gekläert wieren. Si wëlle Garantien dofir, dass de Lëtzebuerger Reseau sécher ass. Déi Decisioun war am Sécherheetscomité vun der SNCF geholl ginn, wou nieft de Gewerkschaften och d'Direktioun vertrueden ass.
Gewerkschafte fuerdere Garantien
Op dësem Méindeg (20. Februar) hunn déi franséisch Eisebunnsgewerkschaften decidéiert, op d'mannst nach bis muer bei hirer Positioun bleiwen. Dat sot eis den Yves le Pallec vun der CFDT op Nofro hin. Weider Detailer konnt hien awer keng nennen, d’Gespréicher géifen nach weidergoen.
D'CFDT, CGT an SUD Rail hu matgedeelt, si wéilte sech net vun der SNCF ënner Drock setze loossen. Di franséisch Eisebunnsgesellschaft hat annoncéiert, de Verkéier direkt erëm opzehuelen, wann d’Streck geraumt wier.
Syprolux: Kee Sécherheetsrisiko
Fir de Fall, datt déi franséisch Maschinisten net op Lëtzebuerg fueren, haten d'CFL een Noutfallplang ausgeschafft. Dëse Plang soll et erlaben esou vill Trajete wéi méiglech kënnen z'assuréieren, heescht et vun der Eisebunn.
Bei der Lëtzebuerger Eisebunnsgewerkschaft Syprolux bedauert een d'Entscheedung vun de franséische Gewerkschaften. Et kéint ee se - och aus gewerkschaftlecher Siicht - net novollzéien, sou d’Syprolux-Presidentin Mylène Bianchi. Wann den 21. Februar Lëtzebuerger Maschinisten mat Lëtzebuerger Material déi Strecke fueren, dann hätt si keng Sécherheetsbedenken, sou d’Gewerkschaftlerin.
Zweet Blackbox fonnt
Mëttlerweil gouf och déi zweet Blackbox aus dem Lëtzebuerger Persounenzuch fonnt ginn, deen d'lescht Woch an den Accident verwéckelt war. Déi schwaarz Këscht kéint méi Informatiounen iwwert d’Ursaachen vum Accident liwweren.
E Schwäizer Expert huet haut mat der Auswäertung vun dëser Blackbox ugefaangen. Dës Prozedur dierft awer eng Zäit daueren, huet de Parquet op Nofro hin präziséiert.
Dësen Artikel ass den 20. Februar um 20:45 aktualiséiert ginn.